An Zesummenhang mat engem Iwwerfall an der Rue de la Gare zu Ettelbréck vun en Dënschdegnomëtteg sicht d'Police elo no Zeien.

Géint 15.20 Auer krut hei eng Persoun vun engem onbekannten Täter seng Kette vum Hals gerappt. Den Déif ass mat dëser a Richtung Zuchbréck fortgelaf, eng Sich no him hat bis ewell kee Succès.

Méiglech Zeie vum Iwwerfall si gebieden, sech bei der Ettelbrécker Police ze mellen, dat per Mail u police.ettelbruck@police.etat.lu oder per Telefon op der Nummer (+352) 24484 1000.