Um Dënschdegowend
Zwee Blesséierter bei Accidenter op eise Stroossen

© RTL
En Dënschdegowend waren d'Secouriste vum CGDIS zwee Mol bei Accidenter op eise Stroossen am Asaz.
Géint 17.15 Auer krute sech bei der Stater Gare e Bus an en Auto ze paken. D'Pompjeeën an d'Ambulancieren aus der Stad hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
Kuerz virun 19 Auer sinn dann tëscht Diddeleng-Biereng an dem Beetebuerger Kräiz op der A13 zwee Autoen aneneegerannt. Och hei gouf et ee Blesséierten. D'Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng an d'Ambulanciere vun Diddeleng goufen op d'Plaz geruff.
Am meeschte gelies