Sëlleg Medien an Däitschland mellen en Dënschdeg, datt d'Buergermeeschtesch vun Herdecke an Nordrhein-Westfalen Affer vun enger Messerattack gi wier.

Déi nei gewielte Buergermeeschtesch vun Herdecke, d'Iris Stalzer (SPD), ass an der Mëttesstonn en Dënschdeg virun hirem Haus Affer vun enger Messerattack ginn. Éischte Berichter no hätten hir Adoptivkanner, 17 a 15 Joer al, si doheem blesséiert fonnt an d'Noutdéngschter kontaktéiert.

Déi 57 Joer al Buergermeeschtesch hätt hirem Jong gesot, si wier op der Strooss vun e puer Männer ugegraff ginn an hätt sech duerno nach Heem geschleeft.

Kuerz drop gouf et e gréissere Policeasaz op der Plaz an d'Affer ass per Helikopter an eng Klinick ageliwwert ginn. D'Iris Stalzer soll insgesamt 13 Messerstéch an de Bauch an an de Réck ofkritt hunn.

D'Noutdéngschter kämpfen de Moment ëm d’Liewe vun der Fra.

Och den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz huet sech zur Dot op der Platform X geäussert a schwätzt der Famill säi Matgefill aus.

Ob d'Dot e politeschen Hannergrond huet, ass aktuell nach net gewosst, allerdéngs gëtt an de Medien och iwwert e perséinlecht Motiv spekuléiert.

Wéi de WDR méi spéit gemellt huet, wiere béid Kanner festgeholl ginn, dat fir Spueren ze sécheren a se ze verhéieren.

Eréischt den 28. September war d'SPD-Politikerin an enger Stéchwal mat 52,8 Prozent vun de Stëmmen zur neier Buergermeeschtesch vun Herdecke gewielt ginn an hat sech géint den CDU-Kandidat Fabian Haas duerchgesat.

Den 1. November sollt si hiert Amt untrieden.