Dem Luc Frieden seng CSV ass de grousse Verléierer

© Domingos Oliveira (Archiv)
Wéi géift Dir wielen, wann den nächste Sonndeg Wale wären? Där Fro gi mer an der Sonndesfro op de Grond.
Zwee Joer no de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, déi d'CSV däitlech gewonnen hat, hunn d'Wieler aktuell am Land liicht aner Virstellungen. Datt d'Regierung oder an dësem Fall d'CSV vum Premier Luc Frieden un Zoustëmmung verléiert, war scho virun engem Joer an der Sonndesfro festzestellen. Bei dem aktuelle Sondage huet sech dëst awer nach eng Kéier verstäerkt.
Regierung hätt nach eng knapp Majoritéit
Wann nächste Sonndeg géif gewielt ginn, géif d'CSV nämlech net manner wéi véier Sëtz an der Chamber verléieren. Dat geet aus der leschter Sonndesfro ervir, déi d'Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gemaach hunn. Kuckt ee sech d'Sëtzverdeelung un a mécht de Verglach mat de Walen 2023, ginn et nawell Verännerungen.
D'CSV géif wéi gesot vun aktuell 21 Sëtz um Krautmaart erof op 17 falen. Eng weider Defaite fir d'Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei, nodeems de Premier Luc Frieden beim leschte Politmonitor am Juni ëmmerhin 10 Punkte bei Sympathie a Kompetenz verluer hat a vun der 4. op déi 8. Plaz ofgerëtscht war.
De Koalitiounspartner d'DP dogéint verléiert näischt, gewënnt awer och kee Sëtz a géif bei hiren aktuell 14 Deputéierten an der Chamber bleiwen. Och bei déi Lénk géif sech näischt doen, si géife bei hiren zwee Sëtz bleiwen. Ee Sëtz verléiere géifen dann d'Piraten, ee Sëtz gewannen déi Gréng. Souwuel d'LSAP wéi och d'ADR géifen direkt zwee Sëtz bäikréien.
Domat hätt déi aktuell CSV-DP-Regierung just nach 31 Sëtz, d'Oppositioun der 29. Et wier mat den aktuellen Zuelen och just eng Koalitioun mat zwou Parteie méiglech, dat eben eis aktuell Regierung aus Chrëschtdemokraten an Demokraten. Eng Koalitioun zu dräi wier dann a méi Fäll méiglech, ënner anerem der Kombinatioun vun eiser leschter Regierung mat DP-LSAP-Gréng. Dës géif op 32 Sëtz kommen.
Verglach mat leschter Sonndesfro: Regierung a Gréng am Minus
En däitleche Verloscht fir CSV gëtt et och am Verglach mat der leschter Sonndesfro. Mat 3,8 Prozentpunkten am Minus steet d'Partei vum Premier net ideal do. Och de Koalitiounspartner DP léisst mat 1,3 Prozentpunkte Plommen. Eenzeg Oppositiounspartei, déi méi schlecht ewechkënnt, sinn déi Gréng, déi awer am Mee nach e grousse Sprong no vir gemaach haten. Gréisste Gewënner ass an dësem Verglach d’ADR mat +2,3 Prozentpunkten a klëmmt domat op esouguer wäit iwwer 11 Prozent. Mä och LSAP, Lénk a Pirate kënnen zouleeën.
CSV-Wieler gi bei d'ADR
Mat elo siwe Vertrieder an engem Plus vun zwee Sëtz wier d'ADR der ILRES-Ëmfro no ee vun de grousse Gewënner. Bei der leschter Sonndesfro hate si jo awer nach liicht Aboussen, do gouf et och nach kontrovers Messagen an de Soziale Medien. Déi lescht Méint sinn hir Deputéiert manner opgefall.
Vläicht och dofir ass d’Partei, déi Alternativ am Numm dréit, offensichtlech genau dat fir verschidden enttäuschten CSV-Wieler. Och dat kann een am Sondage erausfannen. Soss sinn CSV-Supporter dacks bei d’DP gewiesselt, mä trotz alle Versich, sech vum Koalitiounspartner als méi sozial ze demarkéieren, sëtzen déi Liberal mat an der Regierungsverantwortung. Och als Juniorpartner bezilt een an dësem Fall e Präis an dat trotz engem immens populäre Xavier Bettel als Vizepremier an Ausseminister.
Obwuel d'ADR der Regierung a villen Dossiere méi no steet wéi de Recht vun der Oppositioun, si mer aktuell weltwäit an engem politesche Klima, andeem méi riets oder esouguer extrem riets Parteien un Zoustëmmung gewannen – dat Ganzt mat engem nationalistesch-populisteschen Discours, deen ëmmer méi Wieler iwwerzeegt.
Decisiounen ouni Accord vu Gewerkschaften a Patronat: CEO-Method kënnt bei Wieler net gutt un
Nieft der traditioneller Sonndesfro goufen d'Leit an dëser Ëmfro och gefrot, ob se der Meenung sinn, datt d'Regierung Recht hat, Decisioune bei de Pensiounen ze huelen, ouni Accord mat de Gewerkschaften an dem Patronat. An do huet déi grouss Majoritéit (63%) kloer gesot, datt si net domat averstane sinn. Wat och e méiglechen Indice ass, fir dat schlecht Resultat fir d'CSV bei der Sonndesfro. D'CEO-Method vum Premier Luc Frieden kënnt also bei de befrote Bierger net gutt un.
Aus de Froe vun der Sonndesfro geet dann awer och ervir, datt d'Lëtzebuerger de Modell Tripartite héichhalen. Dofir si si och majoritär net iwwerzeegt, dass d’Gewerkschafte Recht haten, wéi si aus Protest nëmme méi Zweeër- am Plaz Dräiergespréicher féiere wëllen.
Bei der Fro iwwert d'Flexibiliséierung vun den Ouvertureszäite sinn d'Meenunge vun de Befrote gespléckt. Déi eng Hallschent huet sech dofir, déi aner dogéint ausgeschwat, mat engem ganz liichte Plus fir den Dofir. Op d'Altersgruppen opgedeelt, fält op, datt déi Jonk tëscht 18 a 24 an awer och déi jonk Aktiv éischter fir d'Verlängere vun den Ouvertureszäite sinn, woubäi déi eeler Generatiounen hei méi dogéint sinn.
Kloert Resultat dann awer bei der Fro, ob d'Ofdreiwung an d'Verfassung gehéiert: 70 Prozent sinn dofir gewiescht. An do läit d'Politik och ganz op der Linn mam Wieler, andeem eng breet Majoritéit vun den Deputéierten dofir gestëmmt huet, datt den Avortement an d'Verfassung soll kommen. Hei sinn et och déi jonk Generatiounen, déi sech méi positiv dofir ausschwätzen. Bei den eelere Generatiounen dominéiert zwar nach ëmmer den "dofir", dat awer manner staark wéi bei de Jonken.
An och bei der Fro, ob d'Militärdepense mussen erhéicht ginn, waren 68 Prozent der Meenung, datt dat déi richteg Decisioun wier. Vergläicht een hei den Alter vun de Befroten, gesäit een, datt, wat déi Befrote méi al waren, wat si éischter en faveur vun dësem Schratt sinn.
Den Detail
Bei dësem Sondage, deen tëscht dem 15. bis 29. September gemaach gouf, goufen 1.825 walberechtegt Persounen iwwer Telefon an Online befrot. 1.151 Interviewe goufe via Telefon gemaach, dovunner 302 iwwer fix Nummeren an 849 op Mobil-Nummeren. 674 Interviewe goufen online gemaach.
Detailer si wéi ëmmer och um Internetsite vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel Alia.lu