D'Lëtzebuerger Regierung ass amgaangen, d'Interessie vum Grand-Duché an Europa ze bradéieren. Dat seet d'Europa-Deputéiert Viviane Reding vun der CSV.

D'Regierung hätt sech net genuch géint de Verloscht vun engem Sëtz am Comité des Régions gewiert. An dat obschonns ënnert anerem de Premier an den Ausseminister e Veto annoncéiert haten. Mä de Grand-Duché hätt de Siège ouni weider Konterpartie opginn: "Dat ass vermasselt ginn", sou d'Viviane Reding.

AUDIO: Kritik vun der CSV / De Reportage vum Eric Hamus

Um Spill géing lo och den 6. Sëtz am Comité économique et social stoen, sou den CSV-Deputéierten Laurent Mosar. Et wieren dat zwee ganz wichteg Gremien, mä d'Regierung hätt just hallefhäerzeg agéiert. "Mir hoffen, datt d'Regierung sech elo um Rimm rappt an ophält, d'Lëtzebuerger Interessien ouni Konterpartie dobaussen ze verschenken", sou d'Viviane Reding.

Den Ausseminister Jean Asselborn fënnt dat "staarken Tubak" vun der CSV.

Hien erënnert drun, datt déi zwee Gremien - comité des régions an den europäesche Wirtschafts- a Sozialrot- duerch de Lissabonner Vertrag d'nämmlecht behandelt ginn.

AUDIO: De Jean Asselborn

Déi viregt Kommissioun, an där d'Viviane Reding Vizepresidentin war, hat proposéiert, datt Estland, Zypern a Lëtzebuerg ee Sëtz ewechgeholl kréien. Et hätt een dunn no Verhandlungen d'Garantie kritt, datt bei enger nächster Erweiderung déi Länner net méi do derbäi wieren. Wat de Comité des Régions ugeet, wier datt och gutt iwwer d'Bühn gaangen. An der Chamberkommissioun wier eng grouss Majoritéit d'accord gewiescht, datt Lëtzebuerg net kann dee Comité oder d'EU blockéieren.

Beim Wirtschaft- a Sozialrot huet sech déiselwescht Léisung och ugedeit. Et hätt een awer erausgeschloen, datt een en zousätzleche Sëtz kritt am Comité pour les mutations industrielles. Et wier e wéineg farfelu vun der Viviane Reding, datt wann si deemools keng Majoritéit ënner 28 kritt huet, vum Premier a vum Ausseminister z'erwaarden, d'EU ze blockéieren wéint deem Sëtz.

An all Gremium sinn 350 Memberen zougelooss, zanter datt awer Kroatien och Member ass vun der europäescher Unioun, woren dräi Memberen ze vill dran.

VIDEO: Schaarf CSV-Kritik u Regierung
D'Regierung bradéiert lëtzebuerger Interessien op EU-Niveau