Traditionell hält de Premier um Virowend vun Nationalfeierdag eng Usprooch. Op RTL.lu gesitt der och d'Versioun a Gebäerdesprooch.

A senger Usprooch um Virowend vun Nationalfeierdag ass de Staatsminister Bettel virop op d'Lëtzebuerger EU-Presidence agaangen.

Déi nächst 6 Méint wieren awer net nëmmen europäesch. Heiheem wier een um richtege Wee mat enger Wirtschaft, déi nees unzitt a Staatsfinanzen, déi sech och an eng gutt Richtung beweegen. Et ginn nees méi Aarbechtsplaze geschaf an d'Vertraue vun de Betriber géif och wuessen. De Premier huet drop higewisen, dass eng ganz Partie Erausfuerderunge virun eis leien, déi mer wëllen ugoen, wéi zum Beispill den Aarbechtsmaart, d'Situatioun vun de Familljen a Jonken, d'Finanzplaz an d'Economie vum Land, souwéi d'Wunnsituatioun. D'Regierung wier prett fir d'Äntwert op d'Zukunft ze ginn.

AUDIO: De Xavier Bettel

De Staatsminister ass a senger Usprooch fir Nationalfeierdag och op den Ausgang vum Referendum agaange. De Xavier Bettel huet betount, dass ee weider op Partizipatioun wëll setzen. D’Leit misste besser an éischter mat agebonne ginn. D’Partizipatioun u politesche Prozesser misst fréi ufänken a se muss gutt, besser wéi bis elo, organiséiert ginn.

AUDIO: Nationalfeierdag: Usprooch vum Premier Xavier Bettel
Nationalfeierdag 2015
D'Usprooch vum Premier Xavier Bettel - Versioun a Gebäerdesprooch.