Abréch zu Bieles, Biissen, Äischen a Kënzeg
© RTL Archivbild
Wéi d'Police mellt, gouf vun e Freideg op e Samschdeg op sëllege Plaze agebrach.
Ugefaangen e Freideg am Nomëtteg, wou en onbekannten Täter aus engem Auto zu Bieles an der Escherstrooss, deen net zougespaart war, de Sender vun der Garage geklaut huet. An der Garage huet den Onbekannten eng Posch mat Sue mazgeholl. D'Posch huet hie spéider an eng Heck gehäit.
Géint 19 Auer gouf en Abroch zu Biissen an der Cité Jean Souvignier gemellt. Hei gouf eng Fënster um ieweschte Stack ageschloen. Bannen hunn d'Täter e puer Raim duerchwullt an ënner anerem wäertvoll Auere matgoe gelooss.
Géint 20 Auer waren Onéierlecher zu Äischen ënnerwee. An der Rue de la Vallée hu sech déi Onbekannt duerch de Gaart en Zougang zum Haus verschaaft. Och do goufen d'Raim duerchwullt. Geklaut gouf ënner anerem Gezei, Aueren a Boergeld. No der Dot si si an e Bësch net wäit ewech geflücht, hunn an der Hektik awer e puer Sacochë verluer. D'Police huet direkt eng Sich lancéiert, och e Policehond koum an den Asaz, allerdéngs ouni Erfolleg.
Um fréie Samschdegmoie gouf dann nach een Abroch zu Kënzeg an der Rue de Grass. Hei goufen zwou Persounen dobäi gesinn, wéi si eng Wunneng verlooss hunn a mat engem Gefier mat hollännesche Placken a Richtung Grass, direkt un der belscher Grenz geflücht sinn. Och hei hat eng Sichaktioun kee Succès. D'Police huet d'Spueresécherung op d'Plaz geruff an d'Ermëttlunge lancéiert.