De Marc Ruppert bleift fir weider zweee Joer President vu Fokus, dat huet d'Partei e Samschdeg de Moien unanime decidéiert.

Eng 40 Membere ware beim ausseruerdentleche Nationalkongress present. Eng Ännerung gëtt et par Konter um Poste vum Generalsekretär, nodeems d'Anne Winter net méi ugetrueden ass, gouf d'Caterina Pellegrini och unanime an dat Amt gewielt. Et goufen dann och den National- an den Exekutivcomité nei bestëmmt. Wärend sech beim Exekutivcomité 5 Leit fir 5 Plaze presentéiert hunn, hu beim Nationalcomité 23 Leit fir 12 Plaze kandidéiert.

D'Partei, déi weder ee Mandat op nationalem, lokalem nach europäeschen Niveau huet, huet sech dann och een Zousaz an hirem Numm ginn an heescht elo "Fokus. D'Alternativ mat Vernonft". Et war iwwregens deen éischte Kongress vu Fokus, bei deem de Frank Engel net present war.