LuxairNeie Partner vu Luxair heescht Delfin S.à r.l.

Den neie Partner vun der Luxair gëtt haut an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert. D'Delfin S.à r.l. ass eng Lëtzebuerger Holding.

Delfin Sàrl. : Holding gëtt neie Partner am Luxair Kapital. (14.12.2015)
Déi 13% déi de Staat vun der Lufthansa ofkaf haat, ginn un d'Delfin Sàrl. Eng Holding déi vun där räichster Italienescher Famill, Del Vecchio gegrënnt gouf.

Déi 13% vun de Luxair-Parten, déi de Staat vun der Lufthansa ofkaf huet an zanter November am portage gehalen huet hunn also e Repreneur fonnt. Delfin S.à r. l., eng Holding déi vun der italienescher Famill Del Vecchio gegrënnt gouf an zanter 10 Joer hei am Land etabléiert ass.

D'Memberen aus der Chamber-Nohaltegkeetskommissioun goufen um Méindeg de Mueren iwwert de Choix vun der Regierung informéiert. Zefridden waren d'Deputéiert allgemeng, wann och eng Grimmel erstaunt, iwwert de Choix deen op eng Holding gefall ass, an net op e strategesche Partner, z.B. och aus der Aviatioun.

Den zoustännegen Minister François Bausch huet dat esou erkläert:

François Bausch: Ech mengen et muss ee gesinn, et huet alles Vir- an Nodeeler. En industrielle Partner, fir et lo mol sou ze nennen, d.h. eng aner Airline, wann déi an d'Kapital era kënnt, dann huet se och Insiderwësse vun der Gesellschaft, a kann dat man wat ebe geschitt ass elo viru Kuerzem. An iergendengem gewësse Moment ze decidéiere bei verschidde Strecken, ech zéie mech elo zréck, ech huele mer elo déi dote Strecken a Konkurrenz. Dat heescht dat ass net ëmmer vu Virdeel. Et ass vu Virdeel, wann ee Partnerschafte sicht, an dat mengen ech wëlle mer der Luxair hëllefen, datt se vill Partnerschafte kritt mat aneren Airlinen, an dat par conter, deen deen dran investéiert een ass dee seet, ech gleewen un déi Gesellschaft, ech wëll souwisou zu Lëtzebuerg mäi Portfolio diversifizéieren, wou ech investéieren. An ech fannen et ass eng Gesellschaft, déi eng gewësse Qualitéit huet a wëll och laangfristeg dra bleiwen, a sech net am Alldagsgeschäft total mat amëschen. Ech mengen, dat ass dat wat mer hei fonnt hunn. 

De François Bausch

D'Holding Delfin iwwerhëlt also als neie finanzielle Partner vun der Luxair d'Parten, déi d'Lufthansa ofgestouss hat – wéi et de Minister sot, hätt bei dem Deal de Staat keng Perte gemeet. E Präis gouf awer net genannt.

Um Dësch loung awer och nach eng zweet Offer vun engem méigleche chineseschen Repreneur, wéi et heescht engem industrielle Partner, mä dee gouf net zeréckbehalen.

Am Verwaltungsrot vun der Luxair kënnt mam Vertrieder vun Delfin also en neit Gesicht bei: dëst ass den Giovanni Giallombardo, deen och Generaldirekter vun Unicredit Lëtzebuerg ass.

Giovanni Giallombardo© Dany Rasqué

D'Holding Delfin sot sech zefridde seng Participatiounen ze diversifizéieren a wëll d'Luxair-Parten och längerfristeg halen. Et wier net de Style vum Haus fir heirauser en Trading ze maachen, sou den Giovanni Giallombardo. De Standuert Lëtzebuerg wier virun allem wéinst dem Triple A, der sozialer an politescher Stabilitéit immens intressant fir Delfin.

De François Bausch ass zouversiichtlech fir d'Zukunft



Delfine wëll déi eng oder aner Reflexioune bei der Luxair mat abréngen, Parten bei anere Fluchgesellschaften huet den Investisseur net.

Delfin ass iwwert d'Firma Luxottica dee weltwäite Leader an der Produktioun vun Haut de Gamme Brëller, mä och aktiv am Immobilier an hält Participatiounen a Banken an Assurancen.

Neie Luxair-Partner / De Reportage vum Dany Rasqué



Reaktiounen

Seele blouf eng Informatioun iwwert e Reprenuer vun Aktien esou laang ënnert der Decken wéi dës Kéier: eng Partie Deputéiert haten dann och eréischt kuerz virun der Kommissiounssëtzung bei eis um Radio héieren, datt eng Holding mat italienesche Wuerzele géif bei der Luxair eraklammen. Fir de Marco Schank vun der CSV ass et emol virop gutt, datt et séier gaangen ass, och wann ee sech éischter e strategesche Partner gewënscht hätt. Et wier awer lo wichteg, dass d'Luxair viru kënnt, mat all hire Partnerschaften.

Och de Georges Engel vun der LSAP ass zefridden, datt e fiable Repreneur séier fonnt gouf - datt et kee Partner aus der Aviatioun ass, wier eng positiv Saach, och eng Offer aus China war net zeréckbehale ginn. Et wier gutt, dass ee sech kee Konkurrent mat an d'Boot geholl huet. Wat d'Zukunft allerdéngs bréngt, misst een nach ofwaarden. Et hätt jo keen eng Glaskugel fir dran ze liesen.

Natierlech net, soss wier et jo och einfach. Esou eng Kugel hat och keen bei de Pläng vun der Lufthansa. Fir d'DP sot sech och den Gusty Graas zefridden, och wann een emol gelauschtert hätt bei der Annonce um Méindeg de Mueren. De Gusty Graas gëtt zou, dass ee liicht iwwerrascht war iwwert de Choix vum Partner. Et wier allerdéngs näischt aussergewéinleches, dass an enger moderner Economie kapitalkräfteg Firme sech och emol aner Secteuren eraussichen.


Vill Hoffnungen laien also op deem finanzkräftege Partner aus Italien, deen déi meescht Suen mam Brëllen-Geschäft mécht: de Luxottica-Group ass de weltwäite Leader esouguer.

A wann een de Rumeuren ka gleewen huet d'Delfin s.à r.l. nach Connections, déi och der Luxair kéinte weider Partner bréngen.

Reaktiounen nom Luxair-Deal / Reportage vum Roy Grotz



 Ech wonnere mech, seet den RTL-Finanzexpert Claude Arendt. Well 13% vun der Luxair gehéieren elo engem italienesche Milliardär, dee säi Geld bis ewell mat villem verdéngt huet, mä net an der Aviatioun.

Et war ëmmer gesot ginn, fir d'Luxair giff en industrielle Partner gesicht ginn. Wann ee recherchéiert wien oder wat Delfin ass, da fält ee ganz séier op de Milliardär Leonardo Del Vecchio. Deen zanter de 60er Joer mat senger Entreprise Luxottica Sonnebrëller produzéiert a verkaaft huet. Net grad dat wat een en Airline-Spezialist nennt. De Claude Arendt geet awer dervun aus, datt d'Italiener sech dat neit Geschäft gutt iwwerluecht hun a näischt kuerzfristeges am Schna hunn. Courage hunn d'Italiener, deene bis ewell geschäftlech villes gegléckt ass. De Patron, de Leonardo Del Vecchio selwer, ass den zweeträichste Mann an Italien.

Delfin/Reportage Nico Graf



Pressecommuniqué

Delfin SARL reprend l’intégralité des parts Luxair en portage de l’État (14.12.2015)
Communiqué par: ministère du Développement durable et des Infrastructures

Lors d’une conférence de presse conjointe en date du 14 décembre 2015, le gouvernement luxembourgeois et la société Delfin SARL ont annoncé la reprise par cette dernière de l’intégralité des actions Luxair, à savoir 13 %, que l'État avait acquis en portage le 6 novembre 2015 de Lufthansa.

François Bausch, ministre du Développement durable, s’est félicité de la transaction: «En effet, nous sommes très contents d’avoir trouvé un investisseur présent depuis dix ans au Grand-Duché, intéressé à investir dans le secteur de l’aviation, qui croit au développement de la société Luxair et qui a manifestement l’intention de maintenir sa participation dans la firme à long terme.»

Giovanni Giallombardo, membre du Conseil d’administration de Delfin SARL, a noté que «Delfin, dans une optique de diversification de son portefeuille, a trouvé stratégiquement intéressant d’investir dans le groupe Luxair localisé dans un pays triple A comme le Luxembourg et croit en son développement. Nous sommes satisfaits de cette acquisition, qui, j’en suis sûr, sera profitable à long terme aux deux sociétés.»


Informations utiles sur Delfin SARL:

Delfin SARL est une holding luxembourgeoise qui appartient à la famille Del Vecchio, établie au Luxembourg depuis dix ans. L’activité de Delfin est principalement financière, détenant des participations: 

  • dans le secteur de l’optique à travers la société Luxottica Group, fondée en 1961 par Leonardo Del Vecchio et actuellement cotée sur les marchés boursiers de Milan et New York. Luxottica Group, de laquelle Delfin SARL détient le contrôle, est le leader mondial dans le design, la production et la distribution de lunettes haut de gamme (www.luxottica.com);
  • dans le secteur de l’immobilier par une participation dans la société Foncière des Régions;
  • dans le secteur financier par ses participations minoritaires dans des banques, sociétés d’assurances, etc.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.