De Gesondheetsministère lancéiert eng nei Preventiounscampagne wéinst den Otemwee-Infektiounen elo am Hierscht a Wanter.

Zejoert gouf et keng wierklech Covid-Well, dofir awer eng staark Grippe-Saison. Iwwer 2.500 Fäll pro Woch goufen um Héichpunkt registréiert. De Ministère erënnert un d’Wichtegkeet vun den Impfungen. Vun der Bronchiolite waren iwwer 1.600 Persoune betraff, gréisstendeels Kanner.

Coqueluche, de Keuchhusten, ass jo nees e Problem. Iwwer 1.200 Fäll goufen zejoert besonnesch bei Jugendleche registréiert. Dës Infektioun ka besonnesch fir Puppelcher ganz geféierlech ginn. D’Longenentzündung mat Pneumocoquen kann och zu Komplikatioune féiere bei jonke Kanner oder eelere Leit. D’Stierflechkeet, déi mat de Pneumocoquen zesummenhänkt, wär net z’ënnerschätzen, warnt d’Santé.

De Ministère rifft besonnesch eeler Leit op, sech impfen ze loossen géint d’Gripp, Pneumocoquen a géint Corona.

Schwanger Frae sollte sech géint Gripp, Keuchhusten an den RSV impfe loossen, fir sech an hire Bëbee ze schützen. Den ideale Mount fir d’Impfunge wär elo den Oktober.

De Conseil supérieur des maladies infectieuses gëtt zwou Recommandatioune wat d’Gripp ugeet:

  • Eeler Leit iwwer 65 Joer solle sech am beschte géint d’Gripp mat engem Vaccin mat méi staarker Dosis oder Verstäerker impfe loossen.
  • Och fir d’Kanner a Jugendlech tëscht 2 a 17 Joer gëtt et d’Recommandatioun fir d’Grippeimpfung.

De Vaccin gëtt et gratis an der Apdikt mat Rezept vum Dokter.