Police warnt viru falsche Livreuren, déi hiren Affer d'Bankkaarte klauen
Wärend d'Police virun enger neier Arnaque warnt, deele si an engems och mat, datt si e falsche Bankemployé konnte festhuelen.
Falsch Livreuren ënnerwee
An de leschten Deeg krut d'Police méi Fäll vun enger Arnaque gemellt, bei där sech Persounen als falsch Livreure vu Päck ausginn. Zilgrupp vun dëser Arnaque sinn haaptsächlech eeler Leit.
De Bedruch fänkt u sech domadder un, datt d'Affer ugeruff kréien. Kuerz drop kënnt de presuméierte Livreur bei d'Wunneng vum Affer. Meeschtens ass d'Erklärung, datt een e Pak vun der Apdikt soll liwweren. De Livreur freet dofir awer Suen.
Wann ee per Kaart wëll bezuelen, halen d'Täter d'Kaart un den Handy a fuerderen d'Affer op, de Pincode anzeginn an dat dann duerch d'Drécke vum grénge Knäppchen ze confirméieren. Nodeem de Pin erfaasst gouf, gëtt de falsche Livreur dem Affer eng änlech Bancomatskaart zeréck, déi awer op en anere Numm leeft. Well d'Kaart änlech ass, bemierken déi meescht Leit den Austausch an der Reegel net.
D'Täter notzen dann déi echt Kaart, déi si geklaut hunn, fir Saachen ze bezuelen oder héich Bäiträg opzehiewen.
Police verhaft falsche Bankemployé
Eng Persoun, déi probéiert huet, mat enger Arnaque iwwer onéierlech Aart a Weis zu Suen ze kommen, konnt d'Police awer verhaften.
E méiglecht Affer hat d'Police kontaktéiert a matgedeelt, datt e presuméierte falsche Bankemployé si wéinst hirer Bankkaart kontaktéiert hat. Den Täter hat annoncéiert, fir kuerz nom Telefonat bei d'Persoun heemzekommen, fir d'Kaart an all de Pin anzesammelen. Nodeem dëst Virgoe gemellt gouf, huet d'Police sech mat méi Patrullen op d'Plaz beginn an d'Beamte konnten de Verdächtege untreffen. De Parquet gouf informéiert an de Mann gouf festgeholl. En Dënschdeg de Moien hat hie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Affer solle sech bei der Police mellen
Wien Affer vun esou enger oder enger änlecher Arnaque gouf, soll sech direkt bei der Police mellen. Dofir kann een sech um Policebüro vu sengem Choix mellen.
D'Police rifft och d'Populatioun op, fir déi eeler Matmënschen an hirem Ëmfeld iwwer dës Bedruchsmasch ze informéieren a si fir esou Virgoen ze sensibiliséieren.