Exklusiven Abléck an den neie Supermarché zu Lalleng
Den 29. Oktober maachen de Supermarché an déi 16 Geschäfter hir Dieren op. No ville Joren Ongewëssheet, Planung a Bau ass et geschwë souwäit.
Mir krute schonn en exklusiven Abléck an de Fritz Kesseler, Responsabel fir de Verkaf, huet Detailer zum Bau an der Ouverture vum neie Supermarché:
Eleng de Supermarché huet eng Surface vu 7.300 Meterkaree, dat sinn 30 Prozent méi wéi deen ale Cactus zu Lalleng. Et ass e Geschäft mat de modernsten Infrastrukturen an enge 60.000 Artikelen, déi do verkaf ginn.
Virun engem gudde Joer huet een ugefaangen, d’Struktur selwer vum Geschäft bannendran am Detail ze plangen, am August goufen dunn éischt Artikelen installéiert an d’Plënneraarbechten hunn ugefaangen. Elo eng gutt Woch, iert et offiziell opgeet, sinn d’Rayone bal alleguerte gutt gefëllt, natierlech kommen déi frësch Saachen eréischt kuerz virdrun an de Rayon. 30 weider Mataarbechter huet een agestallt, domat kënnt een op eng 120 Leit, déi am Supermarché schaffen. Eng sechs Self-Scan-Keese sinn dann och installéiert ginn. Eppes, wougéint Cactus sech laang gewiert huet, awer en Trend, laanscht deen een elo net méi komm ass. An der Galerie ass dann ënnert anerem Plaz fir e Reesbüro, Bäcker, Coiffeur an e Fitness. Dernieft ginn et 67 Appartementer op 3 Niveauen, déi verlount ginn. Dës Wunnenge ginn awer eréischt zu engem méi spéiden Zäitpunkt op de Marché bruecht.
Um Radio huele mer Iech nächste Méindeg mat an den neie Supermarché a kucken, wat elo alles nach virun der Ouverture muss geschafft ginn.