Et wäert en eenheetlechen europäesche Fürerschäin kommen

Am Europaparlament war en Dënschdeg am fréie Mëtteg den definitive Vott iwwert Ännerunge beim Führerschäin.
Negociateuren zu Stroossbuerg an d’Memberlänner hate schonns Enn Fréijoer gréng Luucht ginn.
Bis spéitstens 2030 wäert en eenheetlechen europäesche Führerschäin agefouert ginn. E soll digital sinn, via eng App um Smartphone. Parallel kann een en awer och nach a Kreditkaarte-Form ufroen. E soll och just nach 15 Joer valabel sinn.
De Mindestalter fir e Bus- oder Camionspermis däerfen ze maachen, gëtt EU-wäit op 18 Joer erofgesat an d’conduite-accompagnée iwwerall op 17 Joer fixéiert.
Da kommen awer och Ännerunge bei Verstéiss géint de Code de la route. Déi ginn nämlech bei schwéiere Fäll homologéiert. Wann een also an engem EU-Land de Führerschäin ewechgeholl kréich, ass een en an all EU-Land lass, wat haut nach net de Fall ass. Dat gëllt virun allem fir d’Fueren ënnert dem Afloss vun Drogen oder Alkohol, wann ee widderholl vill ze séier ënnerwee war, oder wann ee schlëmm Accidenter provozéiert huet.
Elo feelt u sech nach just den Accord vum EU-Conseil, deen awer als reng Formalitéit gëllt.