De Mega-Projet "Forêt d'or" duerchleeft zënter dem Ufank vum Joerzéngt d'Prozeduren.

En Hotel mat méi ewéi 500 Kummere plus Restaurant a Wellness, eng Hal mat Plaz fir iwwer 4.000 Leit an honnerte Parkplazen. Dat plangt de Promoteur a Constructeur Felix Giorgetti op der Kockelscheier. Ma bis dat Ganzt Realitéit ka ginn, kéint et nach e Strapp daueren, wéi en Dënschdeg am Stater Gemengerot gewuer ze gi war. Ënner anerem ass de geplangte Komplex ze grouss.

Hotel op der Kockelscheier / Reportage Pit Everling

Vis-à-vis vum neie Stadion soll dat Ganzt aus dem Buedem wuessen, op engem Terrain vu ronn 7 Hektar. Fir déi Responsabel um Knuedler war den initiale Projet e bësse grouss geroden. Dat hat d'Gemeng scho virun enger Zäit an engem Avis geschriwwen.

Obwuel et Adaptatioune gouf, huet viru kuerzem och den Environnement an de Conclusioune vun de verschiddene Impaktetüden eng ganz Rei Doleancen a verschiddene Beräicher formuléiert, deene Rechnung muss gedroe ginn.

Déi Stater Gréng hu sech den Dossier ugekuckt a se hunn eng Rei Froen, seet de Conseiller François Benoy.

"Dass op där Zon sech eppes kann developpéieren, dat ass fir eis an der Rei, mee mir sinn awer trotzdeem erféiert vum Ausmooss vun deem Projet. Wéi gesot, mir schwätze vun iwwer 500 Better, vun Event-Méiglechkeete fir iwwer 4.000 Leit, sou wéi de Promoteur et elo eebe virgesinn huet. Dat ass dach eppes, wat wierklech grouss ass. An dofir ass et immens wichteg, dass de Schäfferot hei seng Verantwortung hëlt, fir dee Projet esou ze begleeden, dass et duerno och e Projet ass, dee keen negativen Afloss huet fir d'Landschaftsbild, d'Ëmwelt, awer och d'Mobilitéit ronderëm huet".

Et misst een och bedenken, datt dëse Quartier ronderëm de Stadion sech souwisou nach staark wäert entwéckelen, mat zum Beispill enger Piscine an dem Tramsschapp.

Déi liberal Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet dem François Benoy am Gemengerot geäntwert, datt bis ewell keng Baugeneemegung fir den Hotelkomplex ugefrot wier an datt et deemno och keng Autorisatioun gëtt.

"Mir hunn och am Juni, dat war elo déi leschte Kéier, deene Proprietären a Promoteure vun deem Projet eeben och gesoten, datt dee Projet op enger Rei Punkten ze grouss wier an datt dat misst anescht, nei gekuckt ginn. Zënterhier krute mer näischt eran. Dat heescht, et gëtt net e Projet, deen eng Baugeneemegung aus der Stad kënnt kréien. Dofir déi Fro: wéini soll et ugoen a wéini wäert et fäerdeg sinn, dat hänkt net vun ons of. Éischtens gëtt et elo mol nach keng Baugeneemegung, well och keng gefrot ass."

D'Buergermeeschtesch verweist drop, dat an dëser Zone de Récréation eng maximal Surface vu 15 Prozent vum concernéierten Terrain däerf bebaut ginn. D‘Gemeng hätt net wëlles, fir fir dëse Projet de Plan d‘Aménagement Général ze änneren, sou d‘Lydie Polfer weider

Prinzipiell wier eng Initiativ vun där do Zort awer positiv an dat géing och den Ekonomieministère esou gesinn, seet d‘Buergermeeschtesch. Wann de Projet allen Ufuerderunge géing Rechnung droen, dann dierft enger Autorisatioun näischt am Wee stoen, sou nach d'Lydie Polfer.