Vill Leit bekloe sech iwwer laang Retarde beim Ausbezuele vum Klimabonus. Mir hunn nogefrot, wou d'Delaien dru sinn a wéi et ëm eng Virfinanzéierung steet?

Sief et aus Ëmweltgrënn, sief et, fir sech an international ugespaanten Zäiten onofhängeg vu klasseschen Energiequellen ze maachen: Et gëtt de Leit zanter Jore geroden, Energie ze spueren, net méi mat Mazout oder Gas ze hëtzen, op Elektroauto - oder Vëlo ëmzeklammen an doheem Photovoltaikanlagen a Wärmepompelen ze installéieren. De Staat ënnerstëtzt dat mat intressante Subsiden, mee bis ewell muss een d'Suen nach ëmmer virstrecken a waart laang op de Remboursement. Wou sinn d'Delaien drun a wéini ass mat enger Virfinanzéierung ze rechnen?

Eng Photovoltaikanlag, eng thermesch Anlag oder eng Wärmepompel, wann ee säin Doheem energeetesch nohalteg ëmbaut, kann ee bei der Ëmweltverwaltung am Kader vum Programm "Klimabonus Wunnen" eng finanziell Hëllef ufroen. Den Ament waarden ëm déi 14.000 Demanden op eng Äntwert, deen allergréissten Deel dovunner bezitt sech eben op Photovoltaikanlagen. Datt der iwwerhaapt esouvill erakomm sinn, géing un der Attraktivitéit vun der Mesure leien, a fir déi géing et direkt e puer Grënn ginn, esou d'Aurélie Schreiner, Coordinatrice vun der Unitéit vun den Aides financières bei der Ëmweltverwaltung.

"Déi mat der Tripartite op 62,5 erhéicht ginn ass, déi Deadline gouf och och zwee Mol verlängert, déi leschte Kéier bis September 2024 inclus, fir den Devis, deen ënnerschriwwen ass. Aktuell läit se nach bei 50 Prozent. Dann hu mer natierlech d'Stroumpräisser, déi héich sinn an d'Leit dozou bréngen an eng Photovoltaik ze investéieren an dobäi kënnt, datt d'Gemenge bis zu 30 Prozent Hëllef op top ginn op eis Aide."

D'Aurélie Schreiner iwwer d'Attraktivitéit vum Klimabonus

Den Delai läit bei bis zu 10 Méint, wann den Dossier iwwert myguichet eragereecht gouf a bis zu 13 Méint, wann en op Pabeier ageschéckt gouf. Vun der Ëmweltverwaltung ass et dann och den Appell, op déi digital Alternativ zeréckzegräifen.

"Well do dee ganze Volet Demandeur mam LuxTrust-Produit garantéiert ass an déi Daten, déi do agi ginn, effektiv scho richteg sinn. Leider hu mer bei der Pabeierform méi dacks de Fall, datt Feeler dra sinn, zum Beispill d'Adressen, d'Nimm oder soss Saachen, déi falsch vermëttelt goufen. A mam LuxTrust ass ofgeséchert, datt dat richteg ass."

Et wieren also an éischter Linn banal Feeler, déi d'Prozedur an d'Längt zéien. Ma och wann den Dossier net komplett ass, gëtt awer schonn drop geschafft an et fänkt een net nees bei Null un, wann een d'Informatiounen noreecht. Fir Feeler awer sou gutt wéi méiglech schonn am Virfeld ze vermeiden, huet ee bei der Ëmweltverwaltung déi lescht Méint eng nei Prozedur ausgeschafft.

"An eiser Strategie Helpdesk hu mer am Fong d'Installateure kontaktéiert, fir hinnen een Accompagnement personnalisé unzebidden, wou mer dann effektiv d'Demandë vun hinnen, déi dee Moment erakomm sinn, gekuckt hunn an hinnen am Fong eng Hëllefstellung ugebueden hunn, fir hir Demanden ze verbesseren. An datt si och insgesamt kucken, den Demandeur ze sensibiliséieren, fir datt d'Demande méiglechst komplett eragereecht ginn."

Doriwwer eraus soll deemnächst een FAQ mat deene Froen, déi am heefegsten opkommen an den entspriechenden Äntwerten op den Internetsite vun der Ëmweltverwaltung kommen. Fir déi grouss Zuel un Demanden esou séier wéi méiglech ofzeschaffen, huet ee sech extern Hëllef gesicht. Fir d'Zukunft ass iwwerdeems een automatesche Prefinanzement geplangt, déi Mesure ass nach amgaangen, ausgeschafft ze ginn.

D'Prozedur dierft och nach eng Kéier doduerch e bëssi méi séier ginn, datt d'Baugeneemegung, fir zum Beispill d'Installatioun vun enger Photovoltaikanlag, ewechfale soll. Wann et dem Gemengesyndikat Syvicol nogeet, soll een déi just nach bei Gebaier, déi ënnert Denkmalschutz stinn, brauchen.