Tëscht der Cloche d'Or a Leideleng
Dräi Blesséierter bei engem Accident tëscht zwee Autoen

© RTL Archiv
Kuerz no 15 Auer en Dënschdegnomëtteg krute sech op der RN04 tëscht der Cloche d'Or a Leideleng zwee Autoen ze paken.
Wéi de CGDIS mellt, goufen dräi Persoune bei dësem Accident blesséiert. D'Pompjeeë vu Leideleng an d'Ambulanciere vun Diddeleng waren op der Plaz.
Scho géint 13.34 Auer gouf eng Persoun bei engem Accident mat dräi Autoen tëscht dem Tunnel Houwald an dem Rond-point Iergäertchen op der A1 blesséiert. Hei waren d'Stater Pompjeeën an Ambulancieren am Asaz.

© Domingos Oliveira / RTL
Am meeschte gelies