Dag zwee en Dënschdeg am Prozess wéinst dem Mord un engem Lëtzebuerger Resident a Portugal 2021.

De portugisesche Geriichtsmedezinner seet, d’Affer hätt nach gelieft, wéi et de 5. August vun der Famill zu Figueira da Foz an d'Waasser geheit gouf. An hätt also kënne gerett ginn.

De Pedro – dësen Numm ass wéi all déi aner geännert – hätt mat medezinescher Hëllef warscheinlech d’Vergëftung mam Insektizid iwwerlieft, dee seng Partnerin Ana him ze drénke ginn hat. De Geriichtsmedezinner sot, Vergëftunge mat dësem Produit wiere ganz seelen. Dowéinst hält hien och e Suicide fir onwarscheinlech. Leit, déi sech wéilten ëmbréngen, géifen zu méi geleefege Produite gräifen. "On était surpris de trouver un pesticide dans l’estomac", hie wier als éischt dovun ausgaangen, de Pedro wier einfach erdronk.

Dëst war wuel net déi éischt Tentativ, de Pedro ëmzebréngen. D’Enquête hat erginn, datt d’Ana dem Pedro e puer Méint méi fréi emol Laxative ginn hat, fir datt him soll schlecht ginn an e géif vum Kran falen, op deem hie geschafft huet. Si hat dat selwer an engem Verhéier zouginn, esou wéi och déi spéider Vergëftung.

Genee ewéi d’Doudesëmstänn ass och d’Familljesituatioun nach méi komplex, wéi bis well geduecht. Op Uerder vun engem Familljeriichter gouf en Dënschdeg Partie civile fir dat klengt Christina gemaach - der Haaptugekloten Ana hiert Meedchen. De Pedro war zwar net säi biologesche Papp, mee seng Relatioun mam Ana huet ugefaangen, wéi d’Ana erwaart huet. Hien huet d’Christina mat dräi Joer adoptéiert. Et war deen eenzege Papp, deen hat kannt huet, a seng Affekotin sot: "Him ass säi Papp op eng extrem grav a brutal Manéier ewech geholl ginn." Mam Recht vun der Famill  - déi all viru Geriicht stinn - wëll d’Kand, dat bei senger Giedel Teresa placéiert ass, kee Kontakt hunn. Wéi d’Teresa dem Christina proposéiert hätt, si ze besichen, hätt d’Kand mat der Fauscht op den Dësch geschloen: "Nee".

Esou wuel der Teresa hir Aussoen, wéi déi vum Pedro senger Schwëster Beatriz, déi sech och Partie civile constituéiert huet, hunn d’Haaptugekloten en Dënschdeg weiderhin an e schlecht Liicht geréckelt. D’Ana huet deemno drop an der widder gelunn. Virun der fataler Vakanz hat si der Teresa erzielt, de Pedro hätt am Endstadium Kriibs. Ma de Kyst, deen d’Affer ewech gemaach kritt hat, war iwwerhaapt net béisaarteg.

Direkt nom Mord huet si verbreet, de Pedro a si hätte sech verloobt. Si huet hir Frëndin Teresa, déi an der Géigend vu Lissabon an der Vakanz war, invitéiert, eng Coupe Schampes drénken ze kommen, fir dat ze feieren. Ma d’Teresa huet dat net gegleeft a si ass och net dohi gefuer. De Pedro hätt sech wuel gäre bestuet. "Il voulait une vie normale, acheter une maison. Il aimait beaucoup Ana", sot d’Teresa. Mee d’Ana hätt dat ëmmer refuséiert, fir den RMG net ze verléieren. An de Méint virun der Dot, hätt d’Ana och versicht, hie mat engem falsche Facebook-Profil an eng Relatioun mat enger anerer Fra ze lackelen. Och dat hätt de Pedro eraus fonnt.

De Pedro hätt d’Ana net verlooss, well hien ze vill frou mam klenge Christina war, sot seng Schwëster. Dobäi wousst hien, datt d’Ana eng Affär mat hirem Schwéierpapp hat – hien hat, sot d’Teresa, héieren, wéi d’Ana heemlech op der Toilette mat him telefonéiert hat. Vun do un hätten Affer an Täterin méi oft gestridden, esou d’Teresa.

Déi leschte Kéier, wéi d’Beatriz hire Brudder gesinn huet, war hien am gaangen, d’Christina prett ze maachen, fir an d’Vakanz ze fueren. Si hu sech eng Bees ginn. "Mir gesinn eis a Portugal." De 7. August sollte si sech dohanne gesinn. Ma du war de Pedro schonn dout. "Pour moi, ce sont des monstres", sot d’Beatriz iwwert d’Ugekloten. "Ils ont tué mon frère, ils ont tué ma famille."

Ma esou frou wéi de Pedro mam Ana war – tëscht senger Schwëster an der Haaptugeklote war offensichtlech nach ni déi grouss Léift. Vun Ufank un hat d’Beatriz keng gutt Meenung vum Ana. Am Resumé: D’Ana wier liddreg gewiescht, hätt net geschafft an doheem hätt de Pedro alles gemaach. Et wier och hie gewiescht, dee sech vill mam Christina beschäftegt hätt. D’Ana hätt sech vun him aushale gelooss.

Am August 2021 versicht d’Beatriz, antëscht selwer a Portugal an der Vakanz, hire Brudder z’erreechen. Unzeruffen, oder iwwert Video-Call, mee hie geet net drop. Hie schreift hir zréck. "Mon frère était mort, mais j’avais des réponses par messages écrits."

Si fänkt un, nom Pedro ze sichen. Wéi si op sengem Facebook-Profil de falsche Message gesäit, datt hie sech mat senger fréierer Frëndin soll ofgesat hunn, rifft si där Fra un. Ma déi seet, si hätt zanter Jore kee Kontakt mat him gehat. Si schéckt eng Frëndin laanscht beim Appartement heiheem zu Lëtzebuerg ze kucken, op d’Rolllueden erop wieren an d’Luuchten un; an der Hoffnung, hie wier éischter zréckkomm. Mee do war alles däischter. Wéi hien nom Congé net bei sengem Patron opgetaucht ass, fir schaffen ze goen, mellt si hien de 7. September zu Lëtzebuerg vermësst.

Dat haten d’Ana an hir Mamm net wollten maachen, wéi d’Teresa hinnen dat virgeschloen hat. Mam Argument, déi zwee wiere jo net bestuet gewiescht.

D’Ana gouf bis elo nach net viru Geriicht befrot, si huet also am Prozess selwer nach net Stellung geholl. De Prozess geet e Mëttwoch virun. Bis zu engem Urteel gëllen d’Ugekloten als onschëlleg.