Monster am GaartPokémon-Jeeër wollte Schlass-Bierg "stiermen"

Knapp ass d'Féiwer ausgebrach, scho muss d'Police agräifen. Nieft der Affär zu Kolmer war zu Esch en Auto op d'Kopp gaangen.

E Beamte vun der Police huet ëmmer Garde virum Schlass zu Kolmer-Bierg. Dem Polizist ass an der Nuecht op e Freideg, géint Mëtternuecht, eng Grupp vu Jugendlechen opgefall, déi ronderëm dem Agang vum Schlass ënnerwee waren. De Beamten ass senger Aarbecht nogaangen an huet déi jonk Leit drop ugeschwat, wat si do géife maachen.

Ma hir Äntwert hat hien net erwaart. Kuerz hannert der Entrée vum Schlass, sou ee vun de Jonken, wier e Pokémon an et wier schwiereg, fir dat virtuellt Monster op déi Distanz ze fänken. De Polizist huet de Jonke missten erklären, datt et am Fong egal wier, ob e Pikachu, Traumato, Magnetilo oder anert Monster hannert dem Gelänner wier, et dierft een net einfach esou op e Privatterrain goen, fir e Pokémon ze fänken. Déi Jugendlech hunn dat agesinn a sinn enttäuscht weider gaangen.

Mega Trend: Weltwäiten Hype ëm "Pokémon Go"

Zu Esch huet d'Juegd no de virtuellen Déieren dozou gefouert, datt Polizisten en Auto fonnt hunn, deen op der Kopp louch. Dat ganzt war an der Nuecht géint 1.25 Auer an der Monnerecher Strooss. Chauffer a Bäifuerer goufen net blesséiert, mä hire Won hat nach zwee Autoe getraff, déi op der Säit stoungen.

De jonke Chauffeur hat zouginn, datt hien d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer hat, well hie kuerz virdru mat sengem Handy op der Juegt no engem Pokémon war. Et kann een dovunner ausgoen, datt dëst och d'Ursaach vum Accident ass.

D'Police warnt, datt et verbueden ass, während dem Autofuere säin Handy ze benotzen a wéi den Accident weist, kann et schlëmm Konsequenzen hunn, wann ee sech net drun hält. Dowéinst ass dëst och am Code de la Route verankert:

Art. 170bis-02 : Utilisation d'un équipement téléphonique à usage du conducteur qui n'est pas fixé solidement dans le véhicule ou intégré au casque de protection (145€ - 2 points)


Art. 170bis-05 : Utilisation par le conducteur d'un véhicule en mouvement d'un appareil doté d'un écran allumé, qui n'est pas intégré dans le véhicule et qui ne constitue pas une aide à la conduite ou à la navigation (145€ - 2p.)

Vun e Méindeg un leeft eng nei Campagne vun der Police un. D'Beamte sollen nach méi streng kucken, op dës Gesetzer agehale ginn. Weider ass et d'Informatioun vun der Police, datt een d'Privatsphäre vun de Mënschen respektéiere muss, wann een op d'Juegd no engem Pokémon geet.

© AFP


Éischt gréisser Konsequenzen hat d'Spill scho fir e Sammler zu Tréier. De jonke Mann, dee vun der Police gesicht gouf, war op der Juegt no de Monster. Dobäi war hien esou konzentréiert, datt him net opgefall war, datt hien an eng Policekontroll ënnerwee war. De jonke Mann gouf verhaft a sëtzt elo 6 Méint am Prisong.

Wéigedoen hat d'Juegt da bei Oochen. E 27 Joer ale Mann war an e Gaart agedrongen, fir e Pokémon ze fänken, wat do ënnerwee war. De 50 Joer alen Hausbesëtzer huet hien awer fir en Abriecher gehalen an de Sammler mat engem Baseballschléier vu sengem Terrain verdriwwen.

AFP: Pokémon-Go Spieler leben gefährlich