En Dënschdeg de Moie war den éischten Dag am Prozess ëm eng déidlech Messerpickerei zu Bouneweg am Joer 2021.

Prozess Bouneweg, Dag 1 / Reportage: Michèle Sinner

An de fréien Owesstonne vum 26. Januar 2021 war et zu Bouneweg zu enger Messerpickerei komm. Et war e Sträit tëscht Jugendlechen ëm eng Vente vu Cannabis, deen eskaléiert ass. Um Enn war ee vun hinnen dout, dat duerch e Messerstéch an d'Häerz.

Um Stater Bezierksgeriicht huet en Dënschdeg de Moien de Prozess géint zwee presuméiert Täter ugefaangen. Si si wéinst Mord a Coups et Blessures volontaires ugeklot.

Drogen-Deal zu Bouneweg

Zwee Mannerjäreger, dorënner den Haaptugekloten, verbréngen den Nomëtteg beieneen. Si verbanne sech mat der App OmeTV, déi Zoufallsverbindunge ronderëm de Globus hierstellt.

Ma dës Kéier gi si mat engem Mann verbonnen, dee Lëtzebuergesch schwätzt, deen awer säi Gesiicht net weist. Et ass deen zweeten Ugekloten, deen iwwert seng Playstation zwee weider Kolleege bäigeschalt hat – dorënner dat spéidert Doudesaffer.

Deen erkennt de Kolleeg vum Haaptugekloten an arrangéiert mat deem iwwer Snapchat en Drogen-Deal zu Bouneweg.

Do kënnt et relativ séier zu enger physescher Ausernanersetzung. Dat spéidert Doudesaffer huet eng Matraque dobäi a schléit domat dem Haaptugeklote säi Kolleeg, deen och op de Buedem geet, wärend den Haaptugeklote selwer mat deem zweeten Ugekloten uneneegeroden ass.

Den Haaptugekloten hat e Messer agepaakt, well e schonn zwee Mol zu Bouneweg ugegraff gi wär, huet hien ausgesot. Hie soll d'Messer eréischt gezunn a viru sech gehalen hunn, wéi d'Affer op hien duerkomm ass, fir d'Géigner, déi hir Drogen net wollten bezuelen, ze verdreiwen.

"Pigeon, verpiss dech", huet hie geruff a mam Messer gefuchtelt. Ma hien hätt esou eng fest an d'Gesiicht kritt, datt en d’Stären gesinn hat. An der Panik hätt hie mam Messer zougestach a wëll net gemierkt hunn, datt e getraff hat.

Et wier alles séier gaangen: D'Wonn vum Affer war aacht Zentimeter déif an d'Messer goung bis an d'Häerz. D'Affer goung e puer Schrëtt zréck an ass zesummegaangen.

Haaptugekloten hätt reell Empathie, sou Psychiater

Och den zweeten Ugekloten hat um Enn eng manner schro Messer-Wonn un der Leescht. Hie gouf am Spidol gebutt. Mee den Haaptugekloten niéiert, de Matugeklote gepickt ze hunn. Trotzdeem hale si op der Uklobänk maximal Distanz.

D'Experte konnte net ausschléissen, datt en zweet Messer am Spill gewiescht wier. Ma fonnt gouf keent. De Psychiater huet gemengt, den Haaptugeklote géif regrettéieren, wat geschitt wier, hätt reell Empathie mat der Famill vum Affer a géif net riskéieren, nees regressiv ze ginn.

Dem Haaptugeklote säi Kolleeg, deen d'Droge wollt verkafen a mat an d'Kläpperei verwéckelt war, soll virun e Jugendriichter kommen, wann dëse Prozess erduerch ass.

D'Famill vum Affer huet sech Partie civile constituéiert a freet am Ganze 500.000 Euro Dommagen.

De Prozess geet e Mëttwoch de Mëtteg mat weideren Temoignagë vun der Enquête virun.