En Dënschdeg kuerz virun 8 Auer koum et zu Mamer zu engem méi schroen Accident tëscht engem Auto an engem Motorrad.

Vun der Police war et den Appell, et sollt een dee Beräich evitéieren. Kuerz no 11 Auer koum Entwarnung, dass den Accident geraumt wier. Wéi d'Police op Nofro matdeelt, wier de Motocyclist uerg blesséiert an d'Spidol bruecht ginn.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Mamer a Kielen, Ambulanzen aus der Stad a vu Mamer, grad ewéi de Stater SAMU. Och de CGDIS mellt ee Blesséierten.

Fir d'Rettungsekippe vum CGDIS war dat um Dënschdegmoien allerdéngs net den eenzegen Asaz: Um 7.11 Auer koum et an der Avenue du Dix Septembre um Belair zu enger Kollisioun tëschent zwee Autoen, bei där eng Persoun blesséiert gouf. D'Stater Secouriste waren am Asaz.

Kuerz duerno gouf et en Accident mat enger Rei Gefierer op der A3 a Richtung Stad tëschent dem Beetebuerger Kräiz a Léiweng. Hei sinn zwou Persoune blesséiert ginn, d'Ekippe vun Diddeleng, Beetebuerg an Esch hu sech gekëmmert.

E weideren Accident tëschent engem Auto an engem Motorrad gouf et dann op der RN04 tëschent Leideleng an der Cloche d'Or. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D'Secouriste vu Leideleng, der Stad a Beetebuerg waren am Asaz, grad ewéi de Stater SAMU.