Zwou Brauereie dominéieren a spären de Marché vum Béier. Dee Virworf huet d'Konkurrenzautoritéit Mëtt September ëffentlech gemaach.

Béiermarché zu Lëtzebuerg - E Reportage vum François Aulner

Iwwerdeems se d’Brauereien net mam Numm genannt huet, handelt et sech kloer ëm d'Dikrecher Brauerei (Brasserie de Luxembourg) a Bofferding (Brasserie Nationale). Béid géinge mat Exklusiv-Kontrakter Bistroen, Restauranten an Hoteller zwéngen, zu engem groussen Deel hir Marken ze kafen an ze zerwéieren. Dominanz um Marché oder eng limitéiert Konkurrenz féieren an der Reegel zu méi héije Präisser.

D'Wort huet an engem Artikel virun 3 Woche Passagen aus engem ëffentleche Rapport vun der Konkurrenzautoritéit vun 2019 och zitéiert: d'Exklusiv-Verträg géinge virschreiwen, op d'mannst 80% vun enger bestëmmter Mark ze verkafen, mee och e minimalen Ëmsaz a minimal Quantitéit, déi misst verkaaft ginn. Am Géigenzuch géing et Reduktioune ginn oder d'Material ewéi Zapanlagen oder Frigoen installéiert ginn.
 
"D'Brauereie maache mat eis wat se wëllen. Se setzen d'Reegele fest, bestëmmen d'Präisser fir d'Gedrénks an diktéieren, wat mir verkafen däerfen", esou e Wiert virun 3 Wochen dem Wort géintiwwer. Déi Ausso deckt sech mat deenen iwwerteneen, déi mir iwwert déi lescht Méint och vun enger Rei Wiert héieren hunn. Genee ewéi d'Wort schreift, huet RTL och festgestallt, datt d'Wiert aus Angscht virun de Brauereien anonym wëlle bleiwen.

D'Brauereie si meeschtens Haaptlocataire vun de Lokaler an hunn dacks d'Schanklinzenzen, där hir Zuel duerch d'Gesetz mat Ausname limitéiert ass. D'Brauereie vun Dikrech a Käerjeng hätte bis zu iwwert der Hallschent vun all de Lizenzen. Eng genee Zuel ass net bekannt, well et kee Regëster gëtt.

Aus dem Secteur hu mir héieren, datt d'Brasserie de Luxembourg nach méi queesch mat hire Wiert gi wier, wéinst der Fusioun tëscht Munhowen an Heintz. Den Distributeur Munhowen gehéiert dem selwechten Aktionär ewéi d'Brasserie Nationale: dem Georges Lentz.

E Wiert sot eis: "D'Brasserie de Luxembourg fënnt Monopoler eben net cool, ausser si profitéiert selwer dovunner." Puer Wiert hunn eis zum Beispill gemellt, datt d'Dikrecher Brauerei de Loyer an d'Luucht gesat hätt an hinnen net autoriséiert hätt, fir Reparaturaarbechten z'ënnerhuelen.

D'Brauereien hu mer natierlech eng Reaktioun gefrot. D'Bofferding-Brauerei vu Käerjeng kéim op eis zeréck. D'Dikrecher Brauerei war op diversen Nummeren net z'erreechen. Dem Wort wollte béid virun 3 Woche näischt soen.

Loyeren, Paien an nei Gewunnechten

Wat dem Wiert sécher net an d'Kaarte gespillt huet, ass och en Urteel vum Ieweschte Geriicht Enn 2022. D’Riichter hunn d'Gesetz vun 2018 gekippt, dat et engem Locataire verbueden hat, engem Sous-Locataire méi Loyer ze froen, ewéi de Locataire dem Haaptbesëtzer bezilt. Dem Urteel no kéint e Locataire, ewéi eng Brauerei, gewëss Käschten, mee esouguer e Bénéfice raisonable dem Sous-Locataire weiderginn.

Hanner virgehalener Hand soten eis eng Rei Cafetieren, datt d'Brauerei vun Dikrech, déi jo an den Hänn vum internationale Grupp AB InBev ass an haaptsächlech vu Leit aus der Belsch dirigéiert gëtt, d'Loyeren nom Urteel an d'Luucht gesat hunn. Ee Message wier zirkuléiert, wou dra gestanen hätt, datt d'Brasserie de Luxembourg allkéiers, wann en neie Bedreiwer e Lokal vun hinnen iwwerhëlt, de Loyer ëm 10% an d'Luucht géing setzen.

Dat frësst en Deel vun de Margen op a léisst manner Spillraum fir d'Personal gutt ze bezuelen. Or, enger Rei Wiert no, wier eng vun de gréisste Schwieregkeeten am Secteur, neit Personal ze fannen. D'Paie sinn dem Statec no mat 40.000 Euro netto d'Joer am Duerchschnëtt am niddregsten an de Kollektivvertrag gesäit eng Derogatioun vir, wat d'Sonndesaarbecht ugeet: fir d'Personal gëtt et keng Majoratioun vu 70%, mee bësse méi Congé wann ee méi dacks sonndes schafft.

D’Gedrénks ass scho méi deier ginn, wéinst Index, Loyeren, dem Präis vum Faass, dee wéi gesot vun de grousse Brauereie virgeschriwwe gëtt. D'Gedrénks nach méi deier verkafen, fir besser Paien ze bezuelen, wier eng Optioun, wann de Wiert dann net doduercher riskéiere géing, nach méi Clienten ze verléieren. De Konsum vun Alkohol wier scho gefall, soten eis eng Rei Wiert. Offiziell Donnéeë gi just bis 2019, mee déi deite schonn op e liichte Réckgang. Wat u sech aus dem Bléck vun der Santé publique eng gutt Nouvelle ass, setzt d'Caféen a Restaurante weider ënner Drock.

Ee Wiert huet ons iwwregens erzielt, datt de Chef vun der Brasserie Nationale eng Kéier soll gesot hunn: Wann ee wéilt wëssen, wéi vill Sue vun engem Béier fir de Wiert sinn, da bräicht ee just e Glas Béier widder eng Mauer ze geheien. Wat op der Mauer géing peche bleiwe, wier fir de Wiert.