Mat 68 Joer ass et den Äddi aus dem politeschen Dagesgeschäft
En Dënschdeg de Moie war ënnert anerem d'Chamber Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun". Virdru gouf et awer eng perséinlech Ukënnegung.
Wéi de laangjärege Minister, Chamberpresident an DP-Deputéierten Fernand Etgen en Dënschdeg de Moien am RTL Interview annoncéiert huet, wäert hien der aktiver Politik Enn vum Joer de Réck dréinen: “Ech hunn dat esou virgesinn, datt ech d'Joer 2025 nach zu Enn bréngen an dann eeben zum Schluss vum Joer wäert ech dat da maachen. Ech sinn altersméisseg elo an deem richtege Moment”.
Op d'Plaz vum aktuelle Chamber Vize-President um Krautmaart réckelt den Nächstgewielte Marc Hansen no, deen et als Drëttgewielten op der Nordlëscht bei de Walen 2023 net am éischten Ulaf an d'Parlament gepackt hat.
De Fernand Etgen gouf nach rezent als Rapporter vun de Gesetzesprojeten iwwert d'Extensioun vum Clierfer Lycée an dem Bau vun neie Laboe fir d'ASTA zu Gilsdref genannt. Ob de Marc Hansen déi Dossieren all iwwerhëlt, steet nach net fest.
Carte Blanche vum Gérard Schockmel: “keen DP-Artikel”
De Weekend hat den DP-Politiker an Dokter Gérard Schockmel mat enger Carte Blanche am Lëtzebuerger Wort polariséiert, well en do de Feminismus an der Lëtzebuerger Interpretatioun als Spléckung fir d’Gesellschaft an als Diktat fir d’Ënnerdréckung vum Mann beschriwwen hat. Ausserdeem hat de Gérard Schockmel sech kritesch zum Avortement geäussert. Dat hat zu vive Reaktiounen aus der DP gefouert. Och de Fernand Etgen betount, dass de Parteikolleeg deen Artikel a sengem eegenen Numm geschriwwen hätt: "als Partei hu mir ëmmer eng kloer Linn aus de leschte 50 Joer an ech sinn houfreg op all Acquisen a puncto Fraerechter, Mënscherechter, grad wéi d'Gläichberechtegung. Dobäi ass et ëmmer dorëms gaangen, fir d'Demokratesch Partei fir déi Fräiheeten ze stäerken an ze schützen."
Ob den Här Schockmel e falsche Choix fir d’DP war, misst sech weisen. Et géif een intern Diskussioune féieren, an dat wier der Parteispëtzt iwwerlooss.
Duebelmandater: Meenung geännert
D’Diskussioun, de Statut vum Deputéierten ze professionaliséieren, leeft scho méi laang, an de Vize-Chamberpresident ënnersträicht, dass d’Deputéiert schliisslech vum Vollek gewielt goufen, et wier awer komplizéiert, do eng gemeinsam Léisung ze fannen. Wéi hie jonk gewiescht wier, wier hie pro-Duebelmandat gewiescht, dat hätt sech awer geännert: "well soss häss de als Feelener Buergermeeschter ni de Spronk an d'Chamber gepackt.(…) mee wéi ech awer do Chamber President war, hunn ech dat aus engem ganz anere Bléckwénkel gesinn, da bass de awer ganz séier der Meenung, datt mir eben net méi weider kënne fuere mam Halftime-Parlamentarier, dass dat wichteg ass, dass et e Fulltime-Job gëtt".
Et bestéing och nach ëmmer eng Ongläichheet tëscht dem Privatsecteur an dem staatleche Secteur, wat de Congé politique ugeet: Esou kréie Staatsbeamten e Vollzäit-Congé-Politique, d’Leit aus dem Privatsecteur awer net. Et géing ee sech där Demande, fir op 40 Stonnen eropzegoen, net verschléissen: "mir wëllen och op jidde Fall, datt an Zukunft d'Chamber eng ass, déi divers ass , an eng Chamber, wou jiddereen d'Méiglechkeet huet vertrueden ze sinn. Mir wëllen awer och, datt an der Chamber Handwierker, Baueren an och aner Beruffer kënne vertruede sinn. An ech mengen et ass awer och wichteg, datt et eeben och nach Leit ginn, déi ee Fouss an hirem fréiere Beruffsliewe kënne behalen. Wichteg ass, datt d'Leit eeben nach matkréien, wat dobaussen am Terrain leeft".
Zuel vun den Deputéierten u sech eropzesetzen, ass fir de Vize-Chamberpresident keng Piste, et wier einfach keng Plaz méi am Plenarsall.
“Den Tiger” Etgen: Lycéesproff um Been duerch de Sall gezunn
De Fernand Etgen huet zanter senger Schoulzäit de Spëtznumm "den Tiger", an deen huet och international Uklang fonnt: Wéi 2019 eng amerikanesch Delegatioun ronderëm d’Nancy Pelosi ze Lëtzebuerg war, huet jiddereen den deemolege Chamberpresident “Tiger” genannt.
Der Erzielung no kënnt den Numm dohier, dass de Fernand Etgen a senger Schoulzäit e Lycéesproff um Been duerch de Klassesall gezunn huet an dobäi sot "Reiz net den Tiger!", dat well e sech onfair behandelt gefillt huet. Déi Geschicht wier wouer, ënnersträicht den Invité.
Laang politesch Karriär
No de Walen 2013 gouf de Fernand Etgen an der Dräier-Koalitioun Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Konsumenteschutz.
Zanter 1977 ass de gebiertege Feelener an der DP, war tëscht 1981 an 88 am Feelener Gemengerot an du wärend 20 Joer Buergermeeschter vun där Gemeng.
2007 gouf de Fernand Etgen eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt. Tëscht 2018 an 2023 war hie President vum Parlament an domat éischte Bierger vum Land.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.