Télé-ReportageDen 8.8. war de globalen Earth Overshoot Day

Wa jiddereen wéi e Lëtzebuerger liewe géing, bräichte mer 9 Planéiten - dëst geet aus engem Rapport vum Global Footprint Network ervir.

Den 8.8. ass de globalen Earth Overshoot Day (09.08.2016)
Wa jiddereen wéi e Lëtzebuerger liewe géing, bräichte mer 9 Planéiten - dëst geet aus engem Rapport vum Global Footprint Network ervir.
De 7. Februar hat Lëtzebuerg schonn esouvill verbraucht, wéi d'Land an engem Joer u Bio-Capacitéit regeneréiere kann. Domat sti mer net gutt, wann ee bedenkt, datt de globalen Earth Overshoot Day, den Dag also, op deem d'Mënschheet de Budget vun der Natur opgebraucht huet, den 8. August war ...

Earth Overshoot Day: Rep. Claudia Kollwelter



D'Organisatioun Global Footprint Network rechent, wéi vill d'Mënschheet bannent engem Joer verbraucht.

1987 war den Earth Overshoot Day nach den 19. Dezember.

Et ginn awer eng ganz Partie Léisungen ... Et kann och jidder eenzelnen duerch säi Behuelen eppes änneren.

Den eegenen ekologesche Foussofdrock, wat ee selwer konsuméiert, léisst sech iwwregens och ënnert footprintnetwork.org rechnen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.