80.000 Mënschen aus Solidaritéit mat de Protester am Iran op d'Strooss gaangen
© AFP
Domat ware wesentlech méi Leit bei der Manifestatioun géint d'Ënnerdréckung an Diskriminéierung am Iran derbäi wéi uganks geduecht.
Aus dem Iran ginn och weider Protester géint d'Autoritéite gemellt. An der Haaptstad Teheran sollen erëm Dausenden Uni-Studenten op d'Strooss gaange sinn. Ausserdeem sollen an enger Rei Stied Commerçanten aus Protest an hire Butteker gestreikt hunn.
Am Iran gëtt zanter Woche protestéiert an d'Forces de l'ordre ginn deels massiv géint d'Demonstrante vir. Dobäi solle scho méi wéi 200 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. Dausende goufe festgeholl.
Ausléiser vun de Protester géint den iranesche Regimm war jo den Doud vun enger 22 Joer jonker Fra, déi vun der Police festgeholl gi war, well si hiert Kappduch net richteg soll ugehat hunn. Um Police-Büro ass si an de Koma gefall a méi spéit am Spidol gestuerwen.