Op der Pompel
Alles gëtt vun e Samschdeg u méi deier
© Vincent Feuray / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
Vun e Samschdeg u muss ee méi déif an d'Täsch gräifen, wann een tanke geet. All d'Zorte Sprit si betraff, grad ewéi och de Masutt
Beim 95er an 98er Bensinn ass et eng Hausse vu all Kéier 1,6 Cent op 1,496, respektiv 1,616 Euro de Liter.
Den Diesel gëtt 3,8 Cent de Liter méi deier a kascht dann 1,508 Euro.
Beim Masutt ass et da souguer eng Hausse vu 4 Cent, wouduerch de Liter 10ppm dann 0,941 Euro kascht.
© RTL Grafik
Am meeschte gelies