E Sonndeg huet de Rishi Sunak fir de Poste kandidéiert. Dat huet bis ewell just d'Presidentin vun der House of Commons, d'Penny Mordaunt, och gemaach.

Si soll aktuell awer déi mannste Supporter ënnert den Tory-Deputéierten hunn.

Um Sonndeg den Owend huet den Ex-Premier Boris Johnson sech du géint eng nei Kandidatur decidéiert, obschonn hien déi néideg Ënnerstëtzung vun der Tory-Fraktioun kritt hätt: "Et kann een net effektiv regéieren, wann ee keng gëeent Partei am Parlament huet." De Boris Johnson war eréischt Ufank September no enger Rei vu Skandalen zeréckgetrueden. Hie stellt sech elo hannert den 42 Joer alen Ex-Finanzminister Rishi Sunak.

Kandidature fir d'de Posten un der Parteispëtzt - an domat och de Poste vum Premierminister - kënnen nach bis e Méindeg ëm 15 Auer eiser Zäit agereecht sinn.

RTL