Dausende Mënschen hu sech zu Belém versammelt, fir fir Klimagerechtegkeet an de Schutz vun indigeene Gebidder ze protestéieren.

Um Freideg de Moien eréischt haten Dosenden Demonstrante wärend e puer Stonnen d'Haaptentrée vun der Weltklimakonferenz blockéiert. De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes reest iwwerdeems vum nächsten Dënschde bis e Samschden fir d'COP30 a Brasilien.