Um Weekend war déi éischt Editioun vun der Wäistrooss Regatta. Et goung vu Réimech op Schwéibseng.

D'Lëtzebuerger Ruderfederatioun huet mat Ënnerstëtzung vum Luxembourg International Rowing Club déi alleréischt Ruderregatta a Lëtzebuerg organiséiert.

Gewonne gouf d'Course vum LIRC mam Jean-Benoit Valschaerts, deen déi 5 Kilometer laang Streck an 21 Minutten a 34 Sekonnen am séiersten absolvéiert huet.