E Sonndeg war zu Wollongong an Australien déi lescht Course vun dëser Saison vun de World Triathlon Championships.

Kuerz virum Depart huet de Parcours vum Schwamme wéinst de staarke Welle misse changéiert ginn. Déi nei Form vum Parcours huet dozou gefouert, dass vill am Waasser geraibert gouf. D'Jeanne Lehair hat zum Schluss vum Schwammen e Retard vu 40 Sekonnen op de Spëtzegrupp vu sechs Triathleetinnen.

Dat war nach keen Drama. Der Athleetin hir Schwächt am Schwamme gëtt nämlech dacks duerch hir Stäerkt am Vëlofueren an am Lafe kompenséiert. Ma d'Jeanne Lehair hat séier gemierkt, dass si kee gudden Dag erwëscht hat.

Wéinst dem plazeweis staarke Säitewand war d'Fueren am Peloton nach méi risikoräich wéi gewinnt. Dat hat dann och Konsequenzen: Déi däitsch Triathleetin Selina Klamt gouf an eng Kollisioun verwéckelt a konnt d'Course net op en Enn bréngen. D'Jeanne Lehair konnt den Zesummestouss evitéieren.

Déi däitsch Lisa Tretsch gewënnt déi lescht Manche vun der Saison a gëtt Weltmeeschterin. D'Jeanne Lehair kënnt an Australien op déi 21. Plaz a schléisst d'Saison am General op der 6. Plaz of.