"Wéi den Dan koum, huet sech ganz vill geännert"

© Sam Rickal
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch d'Futtballnationalspillerin Marta Estevez Garcia beim Sam Rickal op Besuch.
Dëse Summer ass déi 28 Joer al Mëttelfeldspiller no engem Joer bei PAOK Thessaloniki a Griicheland zeréck bei de Stater Racing gewiesselt. Mam Stater Fusiounsveräin konnt d'Marta Estevez Garcia tëscht 2022 an 2024 zweemol den Doublé aus Championstitel an dem Coupe-Gewënn feieren. Déi lescht Méint huet si awer och souwuel mat hirem Veräin, wéi och der Nationalekipp op sech opmierksam gemaach.
Beim Sam Rickal huet déi 48-fach Nationalspillerin iwwer den Opstig an d'Liga B vun der Nations League mat de Roude Léiwinnen, wéi och hire Wiessel zeréck an de Grand-Duché an den nationalen Dammefuttball geschwat.
An der Champions League Geschicht geschriwwen
Als Champion war de Stater Racing am 1. Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun gesat. Gespillt gouf an engem Mini-Turnéier-Format mat Halleffinall a Finall. D'Ekipp vun der Trainerin Elodie Martins konnt sech duerch Victoirë géint AEK Athen an den FC Riga fir déi nächst Ronn qualifizéieren an huet domadder Geschicht geschriwwen. Et war fir d'éischte Kéier, datt eng Lëtzebuerger Damme-Futtballekipp an der Champions League een Tour weiderkoum.
No zwou Defaitë géint Ferencváros Budapest a Vllaznia Shkoder war d'Aventure Champions League dunn awer eriwwer. Trotzdeem kuckt d'Marta Estevez Garcia zefridden zeréck op ee remarkabelen internationale Parcours.
"Mir sinn immens stolz, datt mir et deen Tour weider gepackt hunn. Dat weist och einfach d'Entwécklung, déi de Lëtzebuerger Futtball och allgemeng, sief et elo bei de Veräiner oder an der Nationalekipp, gemaach huet."
Opstig an d'Liga B vun der Nations League
Zanter 2016 ass d'Marta Estevez Garcia e feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Damme-Futtballnationalekipp. Déi 28 Joer al Mëttelfeldspillerin huet bis ewell 48 Lännermatcher um Bockel a läit am Ranking vun de Rekordnationalspillerinnen op Plaz 2 - dat mat 3 Partië manner wéi d'Amy Thompson.
Déi 48-fach Nationalspillerin huet déi rasant Entwécklung vum Lëtzebuerger Damme-Futtball iwwer déi lescht Jore matgemaach. D'Kiischt um Kuch war den Opstig an d'Liga B vun der Nations League am Juni.
"Et muss ee wierklech soen, datt wéi den Dan koum, huet sech ganz vill geännert, eleng schonn nëmmen am Staff. Si hu sech ganz, ganz vill agesat fir eis, fir datt mir och all déi Saache kréien, déi mir brauchen, fir an enger Quali duerchhalen ze kënnen. Wann een déi Jore virdru kuckt, hu mir och ni wierklech Qualie gespillt. Et waren ëmmer just Pre-Qualien oder just Frëndschaftsmatcher. Zanterdeem den Dan do ass, sinn et dann och déi offiziell Qualien. Dat hëlleft och. Et huet ee méi regulär international Matcher, soss häss de villäicht een, zwee, dräi Matcher am Joer, dat war et. Elo weess de awer, datt s de am Oktober, November, Februar, Mäerz, Abrëll, wann net och Juni, Lännermatcher hues. Dat heescht, du hues déi konstant Intensitéit, soen ech mol, an du weess, datt s de all Moment prett muss sinn, fir en internationale Match ze spillen."
Frëndschaftsmatcher géint Ungarn an Zypern
Déi lescht Partie vun de Roude Léiwinnen ass 4 Méint hier. Zanter dem Opstig am Kasachstan huet d'FLF-Selektioun kee Match méi gespillt. Fir sech beschtméiglech op d'Liga B vun der Nations League Ufank Mäerz ze preparéieren, kritt et d'Ekipp vum Dan Santos e Freideg auswäerts mat Ungarn ze dinn. D'lescht Woch huet den Nationaltrainer säi Kader annoncéiert.
Ungarn ass eng Ekipp, déi déi lescht Nations-League-Campagne an hirem Grupp 3 Drëtten an der Liga B gouf. Deemno ass dës Partie fir d'Marta Estevez Garcia an hir Matspillerinnen e gudden Test.
"Ech mengen dat wäert alles vill méi séier goen, wéi an der Liga C. Et wäert och vill méi physesch sinn, do musse mir vill méi schnell reagéieren, direkt wakereg sinn an ech mengen do wäerte mir net esou vill Golchancë kréie wéi zum Beispill an der Liga C. Do musse mir dann och vir vill méi äiskal sinn an hanne kompakt stoen. Dat hu mir schonn an der Vergaangenheet gewisen, datt mir dat gutt maache kënnen, well ech menge bei esou Géigner, also wat et ëmmer méi héich geet, wat méi Detailer den Ënnerscheed maachen, dat heescht bei all Detail musse mir dann oppassen."
Wien Ufank Mäerz hir Géigner an der Liga B wäerte sinn, stellt sech de 4. November eraus. Den 28. November an 1. Dezember spillt déi Lëtzebuerger Damme-Futtballnationalekipp dann nach zwee Frëndschaftsmatcher auswäerts géint Zypern.
D'Drëtt Hallschent mam Marta Estevez Garcia kënnt Dir wéi gewinnt um RTL Play lauschteren.