Um siwente Spilldag an der National Football League sinn déi granz grouss Iwwerraschungen ausbliwwen.

Datt d'Cowboys géint d'Commanders gewannen war elo net wierklech eng Iwwerraschung, woubäi een iwwerrascht iwwer d'Héicht vum Score ka sinn. Washington war just kuerz beim Stand vun 8:7 a Féierung, nodeem hirer Defense e Safety gelongen ass an hir Offense dono en Touchdown hikrut, ma vun deem Ament u si si de Cowboys just nach nogelaf. Et stoung scho 17:8 nom éischte Quarter a 27:15 nom zweeten. Och déi zweet Hallschent huet der Ekipp aus Dallas gehéiert, déi all Véierel fir sech decidéiere konnt. Zum Schluss kënnt eng confortabel 44:22-Victoire fir d'Cowboys eraus.

Iwwer déi 22 Punkten hätte sech d'Raiders vu Las Vegas wuel gefreet. Well hinne sinn zu Kansas City guer keng Punkte gegléckt. No der Stonn stoung et 31:0 fir d'Chiefs, déi véier Touchdowns an ee Fieldgoal hikruten. Am leschte Véierel hat d'Heemekipp awer Tempo erausgeholl an och do selwer keng Punkte realiséiert.

Eng Nullnummer gouf et dann och fir d'Broncos, wann ee sech déi dräi éischt Véierelen ukuckt. Do krut hir Offense net wierklech vill hin a si konnten hirer Defense Merci soen, datt si am Ufank vum leschte Quarter "just" 0:19 hanne waren. Well dono ass hir Offense och erwächt a konnt Punken op d'Tafel bréngen. Eng éischte Kéier a Féierung konnten d'Broncos 109 Sekonne viru Schluss goe beim Stand vun 30:26. D'Giants hu sech awer net hänke gelooss an hu 40 Sekonne viru Schluss nees d'Féierung mat 32:30 iwwerholl. Feiere konnt een awer nach net, wann ee bedenkt, wat de Broncos an de Minutte virdru gelonge war. Well duerch zwee Spillzich, déi funktionéiert hunn, konnten d'Broncos 51 Yards, plus 5 duerch eng Strof géint d'Giants realiséieren a koumen d'Broncos nach a Field-Goal-Range. Hei konnt hire Kicker mat zwou Sekonnen op der Auer déi dräi Punkte maachen. Esou wannen d'Broncos 33:32, woubäi hinnen all hir Punkte just am leschte Véierel gelonge sinn.

An och am siwente Versuch bleiwen d'Jets ouni Victoire. Si verléieren doheem trotz enger ganz staarker Leeschtung vun hirer Defense mat 6:13 géint d'Panthers, fir déi et ëmmerhin déi véierte Victoire dës Saison war.

All d'Resultater am Iwwerbléck

Pittsburgh Steelers - Cincinnati Bengals 31:33
Los Angeles Rams - Jacksonville Jaguars 35:7
New Orleans Saints - Chicago Bears 14:26
Miami Dolphins - Cleveland Browns 6:31
Las Vegas Raiders - Kansas City Chiefs 0:31
Philadelphia Eagles - Minnesota Vikings 28:22
Carolina Panthers - New York Jets 13:6
New England Patriots - Tennessee Titans 31:13
New York Giants - Denver Broncos 32:33
Green Bay Packers - Arizona Cardinals 27:23
Indianapolis Colts - Los Angeles Chargers 38:24
Washington Commanders - Dallas Cowboys 22:44
Atlanta Falcons - San Francisco 49ers 10:20

D'Buccaneers spillen an der Nuecht op en Dënschdeg nach géint d'Lions genau esou wéi d'Texans bei d'Seahawks musse reesen. D'Ravens an d'Bills si spillfräi.