Traureg Nouvelle aus dem BasketOladapo Ayuba am Alter vun 31 Joer gestuerwen

De fréiere Spiller vun der Residence Walfer ass en Dënschdeg den Owend beim Training ëm d'Liewe komm.

© pressphoto
Den Ayuba, dee mëttlerweil a Schwede gespillt huet, sollt e Freideg zeréckfléie bei säi Veräin a Schweden. Iwwer d'Feierdeeg war den Ayuba hei zu Lëtzebuerg an huet bei der Residence mat trainéiert, wou hie vun 2015 bis 2016 gespillt huet.

En Dënschdeg den Owend beim Training vu Walfer ass hien zesummegebrach an duerno gestuerwen. De Spiller, deen zu London gebuer ass, ass nëmmen 31 Joer al ginn.

Um Mëttwoch war och Neijoerschpatt zu Walfer, do war et natierlech och en Thema. Et gouf eng Gedenkminutt fir den Oladapo Ayuba gehalen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.