D'Lëtzebuergerin huet hire Kontrakt ëm dräi Saisone verlängert.

Aus dem Vëlossport ass et d'Nouvelle, datt d'Marie Schreiber hire Kontrakt bei der hollännescher Ekipp SD Worx-Protime bis 2028 verlängert huet. Dat huet d'Ekipp e Freideg de Mëtteg offiziell matgedeelt.
 
Op de soziale Medie schreift déi Lëtzebuerger Championne, datt si sech an den nächste Jore wëll weider entwéckelen an dofir wier d'Ëmfeld, wat si bei der hollännescher Ekipp huet, dat richtegt.