McLaren, Mercedes, Red Bull oder awer Ferrari? Den Dominique Riefstahl wëll sech a sengem Bléck op d'Course de Weekend net op e Gewënner festleeën.

An der Formel 1 ass beim Grousse Präis vun den USA zu Austin am Bundesstaat Texas e Sprint-Weekend ugesot. Dat heescht, et ass vun e Freideg bis e Sonndeg volle Programm. Et gesäit op jiddwerfalls esou aus, wéi wann et an deene leschte sechs Coursse vun der Saison nach richteg spannend ëm de Weltmeeschtertitel bei de Pilote kéint ginn.

Grousse Präis vun den USA / Virschau vum Franky Hippert

Virun zwou Woche konnt McLaren fréizäiteg bei de Constructeuren de WM-Titel verdeedegen. De Leader am Weltmeeschterschaftsklassement bei de Piloten Oscar Piastri an den zweeten säin Equipier Lando Norris, di sech an deene leschten dräi Courssen awer schwéier, wéi den RTL-Formel-1 -Expert Dominique Riefstahl erkläert.

"And this is how the cookie crumbles, soen d'Amerikaner. Ob de McLaren-Keks awer elo zerbrëselt zu Austin oder ob deen erëm eng Kéier e bëssen Integritéit zesummefënnt, wäerte mer gesinn. An de leschte Courssen huet d'McLaren relativ vill Nerve gewisen. Si haten eng katastrophal Course zu Baku. Si haten eng genau esou katastrophal Course zu Singapur. Sinn dat elo d'Nerven, déi blank leien? Sinn dat Circuiten, déi hinne komescherweis manner geleeën hätten, wat net sollt de Fall sinn? Sinn et déi intern Politicken, déi dann awer e bëssen d'Nerven an d'Leit an d'Gemidder strapazéieren?"
 
Och wann den Drëtten am WM -Klassement Max Verstappen op Red Bull nach 63 Punkte Retard op de Piastri huet, bei 174 Punkten, déi nach ze verdeele bleiwen, ass eng Titelverdeedegung vum Hollänner net méi ganz vun der Hand ze weisen: 
 
"De Max Verstappen huet zwar eng Hausnummer opzehuelen, an deem s een iwwer zéng Punkte pro Course muss guttmaachen op McLaren, fir kënne seng Weltmescherchancen nach oprechtzëerhalen an awer... Oop Circuiten, déi him u sech net hätte solle leien oder sengem Auto net hätte solle leien, konnt hien extrem gutt Punkten. Gläichzäiteg déi Circuit, wou ee gemengt hat, dass de McLaren soll dominéieren, hu si absolut Nullnummeren draus erausgezunn. Interessant ass, Austin ass e Circuit, deen u sech Red Bull soll leien. Et ass e Circuit, deen änlech ass wéi Suzuka an do huet de Max kënne gewannen zu engem Zäitpunkt, wou de McLaren absolut dominant war."
  
Lo zu Austin am Texas däerf ee gespaant sinn, wien op dësem Weekend mat engem wëlle Rëtt déi meescht Punkte gutt mécht. 
 
"Virun e puer Woche wär et nach relativ kloer gewiescht. Austin maximalen Appui, dat ass e McLaren-Circuit, si hunn e polyvalenten Auto, dee besonnesch gutt funktionéiert, wa maximalen Downforce verlaangt ass. An awer hu mer gesinn, Singapur war Mercedes an Red Bull weesentlech besser ënnerwee. Huet d'McLaren underperformed? Ass et den Drock oder hunn déi aner effektiv geléiert, fir hiren Auto besser anzestellen? Well och bei Mercedes: Et war eng Course mat engem waarme Macadam. Eppes,  wat hinnen normalerweis net läit an awer huet den Auto do funktionéiert. Fir mech sinn et ganz kloer véier méiglech Favoritten zu Austin, nämlech Red Bull, Ferrari, Mercedes an McLaren."
 
Virun engem Joer stoung de Lando Norris mat sengem McLaren op der Pole Position beim grousse Präis vun den USA gouf et awer dunn duerno en Doublé vu Ferrari mat der Victoire vum Charles Leclerc viru sengem deemolegen Equipier Carlos Sainz. Drëtte war de Max Verstappen.
 
Wéi de Sprint-Weekend zu Austin verleeft, kënnt Dir nees Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an online op RTLPlay suivéieren. Den Depart vum Grand Prix ass e Sonndeg den Owend um 21 Auer, de Virprogramm fänkt um 20.15 Auer un.