Tréier preparéiert sech op d'Handball-WM vun den Dammen
Am Handball ass vum 26. November bis de 14. Dezember d'Weltmeeschterschaft vun den Dammen an Däitschland an an Holland.
Vum 26. November bis den 1. Dezember ginn d'Partië vun de Gruppen D an H direkt hannert der Lëtzebuerger Grenz zu Tréier gespillt. Déi Lëtzebuerger Nationalekipp konnt sech leider net ënnert den 32 Natioune fir d'WM qualifizéieren.
Och wann d'Rout Léiwinnen net dobäi sinn, ass awer eng Spillerin aus dem Lëtzebuerger Championnat op der WM dobäi an zwar d'Raïssa Dapina vum Museldall. Déi Miseler Lénkshännerin spillt mam Senegal an dat zu s-Hertogenbosch an Holland géint d'Schwäiz, Ungarn an den Iran. D'Jill Welter vun der Lëtzebuerger Federatioun mécht och bei der WM mat an dat als Halespriecherin. No hirer Experienz beim Final Four vun der Champions League gëtt dat nees eng ganz speziell Aventure.
Am Grupp D spillen an der Arena zu Tréier Montenegro, Spuenien, d'Färöer Inselen an de Paraguay. Am Grupp H sinn nieft Norwegen, och Angola, Südkorea an de Kasachstan vertrueden. Bei den aacht Ekippen, déi zu Tréier spillen, stécht den Olympiagewënner Norwegen eraus. Et kann ee sech virstellen, datt sech och vill Lëtzebuerger op Tréier wäerten deplacéieren, fir haaptsächlech d'Norwegerinnen ze gesinn. Fir d'Managerin vum Team Däitschland, Anja Althaus, sollt ee sech d'Chance net entgoe loossen, fir Norwegen mat de villen héichklassege Spillerinnen emol live ze gesinn.
Nieft der Roll vun der Managerin vum däitschen Team ass d'Anja Althaus och Botschafterin vun der WM fir d'Stad Tréier.
D'Althaus konnt 3 Mol d'Champions League gewannen a setzt sech scho jorelaang an, fir datt d'Meedercher a spéider d'Damme gutt Konditioune an och déi néideg Unerkennung solle kréien, fir hire Sport kënnen ze maachen.
Virun allem si se an Däitschland gespaant, ob hir Nationalekipp eng Medail wäert kréien. Déi lescht Medail krut eisen Noper am Joer 2007 mam Anja Althaus um Pivot.