VIDEO: Olympesch WanterspillerMatthieu Osch kritt vum COSL gréng Luucht

De Schilaangleefer Kari Peters huet nach bis Enn Januar Zäit, d'Norm fir d'Olympesche Wanterspiller 2018 zu Pyeongchang a Südkorea ze erfëllen.

Matthieu Osch bei den Olympesche Spiller mat dobäi (11.01.2018)
24 Joer nom Marc Girardelli ass nees e Lëtzebuerger am Schi-Alpin bei Olympesche Wanterspiller am Asaz.

De COSL huet e Mëttwoch de Mëtteg matgedeelt, datt de Matthieu Osch am Schi-Alpin zeréckbehale gouf.

De Matthieu Osch bei den Olympesche Wanterspiller

Nieft dem Sportler selwer, ginn och den Heinz Thews als Chef de Missioun, de Gilles Osch als Trainer an de Jean-Louis Copus als Kiné mat op PyeongChang a Südkorea.

An der Famill Osch huet de Schi-Sport schonns ëmmer eng grouss Roll gespillt. Dem Matthieu säi Papp Gilles ass schonns un den Depart vun enger Weltmeeschterschaft gaangen. An elo geet hien als Trainer vu sengem Jong mat a Südkorea.

PDF: Fiche technique vum Matthieu Osch

De Matthieu Osch bei den Olympesche Wanterspiller



PDF: Schreiwes vum COSL

Nieft dem Matthieu Osch huet och nach de Kari Peters d'Chance op den Zuch fir d'Olympesch Wanterspiller opzesprangen. Deen 32 Joer ale Schilaangleefer huet nach bis den 28. Januar Zäit d'Critèrë fir Pyeongchang ze realiséieren, an huet bis dohinner nach eng 4 bis 6 Kompetitiounen um Programm stoen, wou hien zweemol ënnert deene vum COSL gefuerderten 100 FIS-Punkte bleiwe muss. De Sportzaldot huet jo no enger Operatioun eng méi laang Regeneratiounsphas hanneru sech an huet den 10. November nees mat de Kompetitiounen ugefaangen.   

De Matthieu Osch huet déi Suergen net méi. Seng olympesch Rendez-vousen zu Pyeonchang si notéiert. De Riselalom ass den 18. an de Slalom den 22. Februar.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.