An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch de Jean-Marc Hoffmann op Besuch.

Mat ronn 1.700 Lizenzen, ass d'Keelesport-Federatioun eng vun de gréisste Sport-Federatioune bei eis am Land. Keng aner Sportaart zu Lëtzebuerg huet esou vill Medailen op Europa- a Weltmeeschterschafte gewonne wéi de Keelesport. Et ass ee Sport, deen dacks an de Bistroe gespillt gëtt. Awer net nëmmen. Wéi et aktuell mam Keelesport zu Lëtzebuerg ausgesäit, doriwwer huet de Rich Simon mam Vizepresident vun der Federatioun, Jean-Marc Hoffmann, geschwat.

Drëtt Hallschent mam Vice-President vun der Keelesport-Federatioun J-M Hoffmann

Ufank den 1980er-Jore ware mir déi drëttgréisste Federatioun am Land

Deemools hat een iwwer 5.000 Lizenzen an am nationale Championnat, wat an de Caféë gespillt gëtt, hat een 360 Ekippen. Well d’Caféë verschwannen an duerch aner gesellschaftlech Ursaache geet dat awer bësse biergof. Well et ëmmer manner Caféë ginn, probéiere mir bei de Gemengen fir a Kultur- oder Fräizäit-Zentere Keelebunne mat dran ze kréien, sou de Jean-Marc Hoffmann.

Am Sportkeele si mir déi zweetstäerkst Natioun op der Welt

Bis haut hu mir 49 international Medaile gewonnen. Virun 3 Joer hu mir déi lescht WM-Titelen zu Tréier gewonnen. Fir déi nächst Weltmeeschterschaft dat nächst Joer, si mir ganz optimistesch, datt mir do nees kënne matmëschen, esou de Jean-Marc Hoffmann. An de leschte Jore sinn nieft den europäesche Ekippen och Brasilien an Argentinien ganz staark am Sportkeele ginn. Hinne feelen awer dacks d’Suen, fir an Europa spillen ze kommen.

De Süde war fréier bei eis am Land ganz dominant

D’Schmelzaarbechter si virun der Nuetsschicht Keele spille gaangen an och no der Fréischicht. D’Baueren am Norden, hunn de ganzen Dag nach méi schwéier geschafft an déi waren owes midd a sinn net méi Keele spille gaangen. Esou datt am Süden, vill méi gespillt ginn ass. Haut, wou manner op Schichte geschafft gëtt an d’Stolindustrie praktesch net méi do ass, huet et sech awer op dat ganzt Land verdeelt.

D’Keelebunn zu Osaka op der Weltausstellung war eng grouss Saach fir eis

Et huet eis vill gehollef, fir eis besser ze verkafen. Op där Bunn hu mir zu Leideleng laang Championnat drop gespillt. Et huet gehollef, datt déi Bunn am CNFPC nees zesumme gebaut gouf, esou de Jean-Marc Hoffmann. Et ginn nämlech bal keng Leit méi, déi Keelebunne bauen. Et ass och schwéier fir een ze fannen, deen nach ka Reparature maachen. Eng nei Keelebunn kascht iwwregens tëscht 30.000 a 40.000 Euro.

D'Drëtt Hallschent mam Jean-Marc Hoffmann kënnt Dir wéi gewinnt um RTL Play lauschteren.