E Sonndeg gouf d'Finall vum Dammentennis-Tournoi zu Péiteng gespillt. Duerchsetze konnt sech d'Eva Bennemann aus Däitschland.

No enger Woch Kompetitioun gouf haut e Sonndeg an der Hall QT zu Péiteng déi 11. Editioun vun de Kyotec Open clôturéiert.

An der Finall stounge sech d'Eva Bennemann aus Däitschland an d'Jeline Vandromme aus der Belsch géigeniwwer. Béid Spillerinnen haten dës Woch mat hire just 18 Joer géint eng Rei Favoritinne gewonnen a sech sou fir d'Finall qualifizéiert. Allebéid konnte si dëst Joer scho virdrun op sech opmierksam maachen. D'Eva Bennemann hat d'Junior Finall am Doublé bei de French Open gewonnen, wärend d'Jeline Vandromme de Junior-Titel am Eenzel bei de US Open gewanne konnt.

An dësem Match war et allerdéngs d'Eva Bennemann, déi vun Ufank un dominant opgetrueden ass. Déi jonk Spillerin huet selwer net vill Feeler gemaach an d'Feeler vum Jeline Vandromme oft ausgenotzt. Schnell war déi däitsch Spillerin am éischte Saz da mat 3-1 vir. No e puer laange Ballwiessele koum d'Jeline Vandromme zwar nach Kéier op 3-4 erun, um Enn sollt awer d'Eva Bennemann den éischte Saz souverän mat 6-3 fir sech entscheeden.
 
Am zweete Saz hat d'Jeline Vandromme dunn e bessere Start erwëscht a konnt duerch e Break mat 1-0 a Féierung goen. Laang hale sollt déi Féierung awer net. D'Eva Bennemann ass am Laf vun dësem zweete Saz ëmmer besser ginn an déi däitsch Spillerin huet ee Punkt no deem anere gemaach. D'Jeline Vandromme konnt zwar dotëscht nach emol op 2-4 verkierzen, an awer huet sech d'Eva Bennemann dës Victoire net méi huele gelooss.

Um Enn konnt déi jonk Spillerin aus Däitschland de Match souverän mat 6-3 6-2 fir sech entscheeden an sou ee weideren Titel am Joer 2025 feieren, dat bei der 11.Editioun vun de Kyotec Open zu Péiteng.