Virun allem den zweete Match tëscht dem Flavio Cobolli an dem Jaume Munar hat et a sech. Den éischte Match goung kloer un de Matteo Berrettini.

An der SuperTennis Arena zu Bologna koum et an der Finall zum Showdown tëscht Italien a Spuenien. Italien war als Titelverdeedeger ugetrueden.

Am éischte Match war et no 78 Minutten eng kloer Affär fir de Matteo Berrettini. D'Nummer 56 an der Weltranglëscht huet dem Pablo Carreno Busta (Nummer 89) beim 6:3 a 6:4 keng Chance gelooss. Domat hat Italien eng Hand un der Coupe.

Den zweete Match war u Spannung net ze iwwerbidden. De Flavio Cobolli an de Jaume Munar hu sech en elektriséierende Match geliwwert. Den éischte Saz goung kloer un de Spuenier, mee de Cobolli huet sech mat engem 7:6 am zweete Saz zeréckgekämpft. Dohier huet den Tiebreak d'Entscheedung musse bréngen. Och hei hu sech d'Nummer 22 an d'Nummer 36 vun der Welt näischt geschenkt, mee no bal 3 Stonnen duerft de Cobolli nom 7:5 mat senge Coequipiere feieren. Et ass den Titel-Hattrick fir Italien.