Um Freideg an um Samschdeg gouf et zwar deels gutt Resultater, fir d'Lëtzebuerger Spiller gouf et bis op e puer Ausnamen awer net vill Spillzäit.

Winterthur huet 0:5 zu Bern bei de Young Boys verluer. Schonn no 29 Minutte stoung et 4:0 fir d'Heemekipp. De Marvin Martins stoung vun Ufank un um Terrain an huet duerchgespillt. Winterthur bleift op der leschter Plaz an der Tabell.

A Polen konnt Rzeszow 2:1 géint GKS Tychy gewannen. De Sébastien Thill stoung de ganze Match um Terrain an huet den 2:1 fir seng Ekipp virbereet.

An der 1. Bundesliga gouf et gutt Resultater fir d'Ekippe vun de Lëtzebuerger. Gladbach huet mat 3:0 zu Heidenheim gewonnen. Den Tiago Pereira souz déi 90 Minutten op der Bänk. Augsburg huet doheem 1:0 géint Hamburg d'Iwwerhand behalen, den Aiman Dardari stoung awer net am Kader.

An der 2. däitscher Liga gouf et eng 1:2-Néierlag fir Magdeburg zu Düsseldorf. Den Eldin Dzogovic gouf an der 90. Minutt beim 1:1 agewiesselt. De battere Géigegol an der 95. Minutt huet den Ofwierspiller um Terrain materlieft. Magdeburg huet no 13 Partië réischt 7 Punkten um Konto a bleift um Wupp vun der Tabell.

De Seid Korac huet an der italieenescher Serie B déi 2:0-Victoire vu senger Ekipp Venedeg zu Padova misse vun der Bänk aus verfollegen. No 13. Spilldeeg steet Venedeg op der 5. Plaz.

NAC Breda huet sech an der hollännescher Eredivise knapp mat 0:1 géint PSV misse geschloe ginn. Den Enes Mahmutovic war net am Kader.

Freideg

En 1:1-Remis gouf et tëscht Beveren an Eupen an der 2. belscher Liga. De Laurent Jans stoung bei der Heemekipp vun Ufank un als Kapitän um Terrain an huet de Match duerchgespillt. An der Tabell bleift Beveren op der 1. Plaz.

Benfica huet sech an der portugisescher Coupe 2:0 bei Atletico duerchgesat a sech fir d'Aachtelsfinall qualifizéiert. De Leandro Barreiro gouf an der Paus beim 0:0 agewiesselt.

Net esou gutt ass fir de Florian Bohnert mat Bastia gelaf. De Lëtzebuerger hat et bei der 0:1-Defaite vu senger Ekipp zu Annecy net an de Kader gepackt.