D'Selektioun vun den FLBB-Häre bereet sech op d'Partië géint Irland an Aserbaidschan vir.

Zanter e leschte Mëttwoch 19.November preparéiert sech eis Basketballnationalekipp op hir zwee Lännermatcher. Trainéiert gëtt souwuel an der Coque, ewéi och um INS. 
 
Eis Härenekipp besteet aus erfuerenen a jonke Spiller. Si ergänzen sech. E Méindeg kommen dann nach déi Spiller dobäi, déi am Ausland engagéiert sinn.

En Donneschdeg 27.November spillt eis Ekipp heiheem géint Irland. E Sonndeg 30.November spillt d'FLBB-Selektioun dann zu Baku géint den Aserbaidschan. Eng éischter onbekannten Ekipp fir eis Baskethären.

Den Nationaltrainer Ken Diederich war am REBOUND zu Gaascht:

De Basket-Nationaltrainer Ken Diederich am Interview
Virun de Lännermatcher géint Irland an Aserbaidschan
RTL

© Christophe Hochard - rtl.lu