Chelsea-Barcelona an Arsenal-Bayern München live op RTL
© RTL-Grafik
Dës Woch ass et de 5. Spilldag an der Ligaphas vun der Champions League.
Op RTL ZWEE op der Tëlee, op RTL.lu an op RTL Play gëtt en Dënschdeg de Match tëscht dem FC Chelsea an dem FC Barcelona iwwerdroen. E Mëttwoch ass et d'Partie FC Arsenal géint FC Bayern München live op RTL.
An der Partie vum Dënschdeg geet et fir Chelsea a Barcelona drëm, net den Uschloss op d'Topp 8 ze verléieren. Aktuell steet Barcelona op der 11. an Chelsea op der 12. Plaz, dat mat 7 Punkten. Béid Ekippen hunn zwou Partië gewonnen an allkéiers eng verluer an eng gläichgespillt. Den aktuelle Réckstand op d'Topp 8 betrëfft zwar just zwee Punkten, mä bei enger Néierlag kann deen Ecart weider klammen. Mat just nach dräi Spilldeeg no dësem Duell kéint et da fir de Verléierer vun dëser Partie schwiereg ginn, fir nach an déi éischt Aacht ze kommen an domadder déi direkt Qualifikatioun fir d'Aachtelsfinall ze realiséieren. De Gewënner dogéint kéint uewen dru bleiwen wann en net esouguer direkt op dës Spëtzeplaze spréngt.
E Mëttwoch da steet wuel de Spëtzematch vum 5. Spilldag um Programm, wann een d'Situatioun an der Tabell kuckt. Well esouguer d'Bayern wéi och Arsenal hunn aktuell nach keng Partie verluer. Arsenal huet et esouguer fäerdegbruecht, fir an den éischte véier Matcher keen ee Gol ze kasséieren, wärend d'Bayern mat 14 geschossene Goler déi offensiv stäerksten Ekipp ass. Iwwerhaapt leeft et fir béid Ekippen dës Saison bis ewell ganz gutt. Bayern huet de leschte Weekend aus engem 0:2-Réckstand géint Freiburg eng 6:2-Victoire gemaach a steet souverän un der Spëtzt vun der Bundesliga mat 10 Victoiren an engem Gläichspill. Och Arsenal steet nom 4:1 géint Tottenham ganz uewen an der Premier League, dat no 9 Victoiren, zwee Gläichspiller an enger Néierlag.
Presentatioun a Commentaire: Jeff Kettenmeyer a Paul Philipp.
Sender: RTL ZWEE
Ufank vun der Emissioun: 20h45
Ufank vum Match: 21h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 23h15
Resultater
Klickt hei, fir op all d'Matcher an d'Statistiken ze kommen.