Browns wanne Kellerduell, Cowboys dréine Partie géint Eagles
© Photo by Steve Marcus / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Esou lues awer sécher kristalliséiert sech eraus, wéi eng Ekippen eng Chance op d'Playoffs hunn a wéi eng net.
Datt d'Browns an d'Raiders wéineg bis keng Chancen méi hunn, sech fir d'Playoffs ze qualifizéieren, steet u sech scho fest. An trotzdeem war et grad fir d'Browns eng ganz wichteg Partie. Well mam Shedeur Sanders hu si hiren drëtte Quarterback, deen dës Saison e Match ufänkt. Leschte Match koum hien no enger Blessur vum Dillon Gabriel eran an huet net déi beschte Leeschtung bruecht. Dës Woch ware seng Statistike ganz ok, wat dann och duergaangen ass, fir d'Partie géint Raiders ze gewannen. D'Raiders haten nämlech doheem net vill opweisen. Fréi ware si 0:14 hannen a konnte bis zu der Paus op 3:14 verkierzen. Ma nees goungen déi nächst Punkten un d'Browns, déi nach op 24:3 erhéije konnten. Déi lescht Punkte ware dunn awer fir d'Raiders, déi nach kuerz viru Schluss op 24:10 verkierze konnten.
An der Partie tëscht den Eagles an de Cowboys hat et laang no enger Victoire fir d'Ekipp aus Philadelphia ausgesinn. Am Ufank vum zweete Quarter nämlech waren d'Eagles schonn 21:0 am Avantage, ma dono ass dem aktuelle Champion näischt méi an der Offensiv gelongen. D'Cowboys koume mat dräi Touchdowns bäi, esou datt et knapp 12 Minutte viru Schluss 21:21 stoung. D'Defense vun der Ekipp aus Dallas huet och an de leschte Minutte Stand gehalen, esou datt hinnen ee Fieldgoal 3 Sekonne viru Schluss duergaangen ass, fir d'Partie ze dréinen an d'Victoire doheem ze halen.
No der knapper Néierlag géint d'Lions zu Detroit sinn d'Giants déi éischt Ekipp, déi offiziell keng Chance méi op d'Playoffs hunn. Dobäi hat d'Partie fir New York gutt ugefaangen, well si waren am éischte Véierel mat 10:0 a Féierung gaangen. Déi Féierung konnte si länger halen, ma 33 Sekonne viru Schluss koumen d'Lions op 27:27 gläich. Mam 1. Spillzuch an der Overtime konnten d'Lions en Touchdown markéieren. Der neier Reegel no kritt an der Overtime all Ekipp op d'mannst eng Kéier de Ball. Well d'Lions dësen an d'Endzon bruecht hunn, hunn d'Giants missten nozéien, ma si koume bis op déi 27. Yardslinn op der Säit vun Denver, ma do krut d'Defense si gestoppt, esou datt d'Partie hei mat engem Sack géint de Winston op en Enn gaangen ass.
All d'Resultater am Iwwerbléck
Buffalo Bills - Houston Texans 19:23
New York Jets - Baltimore Ravens 10:23
Pittsburgh Steelers - Chicago Bears 28:31
New England Patriots - Cincinnati Bengals 26:20
New York Giants - Detroit Lions 27:34
Minnesota Vikings - Green Bay Packers 6:23
Indianapolis Colts - Kansas City Chiefs 20:23
Seattle Seahawks - Tennessee Titans 30:24
Jacksonville Jaguars - Arizona Cardinals 27:24
Cleveland Browns - Las Vegas Raiders 24:10
Philadelphia Eagles - Dallas Cowboys 21:24
Atlanta Falcons - New Orleans Saints 24:10
Tampa Bay Buccaneers - Los Angeles Rams 7:34
An der Nuecht op en Dënschdeg spillen d'Panthers nach bei de 49ers. D'Broncos, d'Chargers, d'Dolphins an d'Commanders si spillfräi.