Diddelenger Kampf gëtt net belount
No der 29:32-Néierlag ass mat Diddeleng och den drëtte lëtzebuergesche Vertrieder am European Cup eliminéiert. Fir d'Finanzen ass dat eng gutt Noricht.
Fir Diddeleng war et déi éischt Participatioun un enger 1/16-Finall zënter 2018 - an dobäi bleift et och. No 6 Matcher op internationalem Plang ass fir d'Ekipp vum Trainer Dusko Bilanovic Endstatioun. Den HBD huet sech beim 29:32 géint HC Izvidac méi wéi deier verkaf. Domat ass och déi drëtt lëtzebuergesch Ekipp am European Cup eliminéiert - an dat no engem historesche Moment fir de Lëtzebuerger Handball. Schonn e Samschdeg hate Bierchem an Déifferdeng dat selwecht Schicksal erlidden.
Och wann Izvidac am Virfeld als schwéierste Géigner vun allen dräi lëtzebuergeschen Ekippen ageschat gi war, sou war Diddeleng ganz no drun, den Halleffinalist vun der leschter Saison aus der Kompetitioun ze geheien. D'Fiiss hunn et de Bosnier a béide Matcher net einfach gemaach.
Diddeleng huet mat honnert à l'heure lassgeluecht a war mat engem 6:1-Laf an de Match (9. Minutt) gestart. D'Etute-Bridder hate jee zwee Goler bäigesteiert. Izvidac krut sech duerno gerëselt a war no 17 Minutten nees op zwee Goler drun (9:7). Den enkste Score an der éischter Hallschent war den 10:9 aus Diddelenger Siicht. Bis an d'Paus konnten d'Fiiss sech nees op 16:13 ofsetzen. Den Ojié Etute hat zu deem Moment scho 7 Goler um Kont stoen, säi Brudder Itua stoung bei 4. Och d'Statistik vun der Effizienz virum Gol (67 % vs 50 %) huet an der éischter Hallschent fir den HBD geschwat.
D'Gäscht aus Bosnien krute virun allem den Itua Etute am zweeten Duerchgang besser an de Grëff - hie konnt just nach ee Gol markéieren - an hunn och vir hir Chancë besser genotzt. Sou ass d'Féierung tëscht der 34. an 51. Minutt hin an hier gewiesselt an de Match war u Spannung net ze iwwerbidden. Mee Diddeleng huet nach ëmmer mussen déi 2 Goler aus dem Allermatch (27:29) ophuelen. An der Crunchtime konnt déi jonk bosnesch Ekipp, déi aus Bosnier, Serben, Kroaten a Montenegriner besteet, op 3 Goler ewechzéien, wat och d'Virentscheedung war. Den Ojié Etute koum um Enn op 12 Goler.
Um Enn dierf sech Diddeleng fir säi formidabele Parcours am European Cup felicitéieren. Den HBD muss weiderhin op eng nächst Participatioun un den Aachtelsfinalle waarden. Déi lescht Kéier war hinnen dat 2017 gelongen. D'Fonctionnairë vun de Fiiss - a vun den zwee anere Veräiner - wäerten aus sportlecher Siicht wuel eng Tréin am A hunn, aus finanzieller Siicht awer méi roueg schlofe kënnen.
Europäesch Matcher si finanzielle Kraaftakt
5.000 € - dat ass d’Zomm, déi d’EHF ab de 1/16-Finalle pro Ronn un all Veräin ausschëtt, mee dat deckt d’Käschte bei Wäitem net. Dobäi kënnt nach, dass all Veräin pro Ronn 750 € fir d’Participatioun* un d’EHF ofdrécke muss. Dohier ass et verständlech, dass Veräiner heiansdo eng Participatioun op europäeschem Plang ausschloen – wéi d’Red Boys Déifferdeng virun enger Rei Joren. Ausserdeem stinn déi 5.000 € Primm vum europäeschen Handballverband net scho fir d’Matcher um Bankkont, mee kommen eréischt zu engem spéideren Zäitpunkt.
Déi meescht lëtzebuergesch Veräiner gesinn d’Participatioun um European Cup awer als Verdéngscht fir déi viregt Saison an huelen eng extraordinär finanziell Laascht a Kaf, déi séier bei 15.000 bis 20.000 € pro Tour leie kann, wéi den Tom Majerus, Teammanager vum HC Bierchem, sot. A jee no Destinatioun kéint de Montant nach weider klammen. Dohier hëlt een en Doubleheader doheem oder auswäerts mol gär a Kaf.
Fir dës Käschten ze stemmen, gräifen d’Veräiner op verschidde Moyenen zeréck. D’FLH huet beispillsweis d‘Primme fir d’Coupe d’Europe, déi si als Remise un d’Veräiner vergëtt, am August 2025 erhéicht. Bierchem, Déifferdeng an Diddeleng krute fir d’Weiderkommen an d‘1/16-Finalle 750 €. Fir eng Qualifikatioun fir d’Aachtelsfinallen huet d’FLH eng Primm vu 1.500 € virgesinn. Ausserdeem géingen déi jeeweileg Gemengen hir Veräiner subventionéieren a vum Sportsministère kréich een och méi Ënnerstëtzung wéi an de Jore virdrun. Dobäi kéime jo nach d’Sue vun den Entréesbilljeeën an der Buvette.
All dës Montante géifen awer knapp d’Hallschent vun de Käschten decken, wéi d’Vertrieder vu Bierchem, Déifferdeng an Diddeleng matgedeelt hunn. Fir de Rescht sinn all d’Veräiner un hir Sponsoren a Memberen erugetrueden an hu lokal Aktiounen an d’Liewe geruff. Den Thierry Wagner, President vum Organisatiounskommitee bei de Red Boys, sot, et wär „schonns e Pak, wou finanzéiert muss ginn“. „D’Sponsore sinn och ëmmer frou, sech op internationalem Niveau weisen ze kënnen“, huet den Tom Majerus gemengt.
Och wann d’Coupe d’Europe fir d’lëtzebuergesch Veräiner net lukrativ wier, misst een och den treie Supporte Merci soen an hinnen eppes bidden – do si sech all d’Vertrieder eens. Och aus dësem Grond hate Bierchem an Diddeleng e Kombiticket fir hir Matcher an d’Liewe geruff. Et wär ee wuel „Géigner um Terrain, mee gemeinsam Interesse soll een och vertrieden“, huet de Christian Schott, President vum HB Diddeleng, dës Aktioun begrënnt. Den Tom Majerus huet ergänzt, et war eng „Méiglechkeet, fir den Handball ze promoten“. Dës Aktioun war op alle Fall e vollen Erfolleg. Souwuel hate vill Diddelenger de Wee op Krauthem fonnt wéi och Bierchemer Gesiichter zu Diddeleng unzetreffe waren.
D’Aventure Coupe d’Europe ass fir all dräi verbliwwe lëtzebuergesch Vertrieder no de 1/16-Finallen eriwwer an d’Ekippe wéi d’Kommiteesmembere kënne sech elo op déi national Kompetitioune konzentréieren. Am Summer 2026 fänken dann déi nächst Preparatiounen un.
*Situatioun am European Cup