Formstaark a mat vill Motivatioun sinn déi Bartrenger Damme beim Nodrosmatch géint d’Amicale Steesel an d’Partie gaangen.

Et waren d’Gäscht vu Steesel, déi mat engem 8-0 Run an d’Partie gestart sinn. Dëst notamment ënnert dem Impuls vum Mandy Geniets an dem Alexus Harrison. No véier Minutten ouni Punkten hunn d’Bartrenger Dammen hire Retard awer séier opgeholl. No engem 3er vum Naomi Davenport koumen zwee Fastbreaks vum Jordan King an dem Nicole Torresani, mat deenen déi Bartrenger Damme rëm erukomm sinn.

E ganz enken éischte Véierel war haaptsächlech gepräägt vun den Dräierwërf. Wann d’Lokalekipp du mol zwee Dräier getraff huet, waren et d'Gäscht mam Alexus Harrison, déi direkt geäntwert hunn. Esou ass den éischte Véierel mam Score vun 21 op 24 zugonschte vun de Gäscht op en Enn gaangen.

Den zweete Véierel ass méi lues ugaangen. Béid Ekippen hunn offensiv net vill getraff. Mëtt vum zweete Véierel war et dunn déi grouss Mandy Geniets-Show. D'Spillerin vun der Amicale huet a manner wéi 15 Sekonnen direkt 5 Punkte getraff an de Steeseler Dammen hier Avance op 10 Punkten ausgebaut. Steesel huet den zweete Véierel dominéiert. Mam Score vu 35 op 45 ass et an d’Paus gaangen.

Am drëtte Véierel huet d’Lokalekipp eng Missioun gehat. Den Defizit ophuelen. Dëst ass hinnen och gelongen. An dëser Partie waren et d’Punkten hannert der Linn, déi immens gutt gefall sinn. Bei der Bartrenger Starting Five waren et 66 Prozent vun hannert der Linn, bei de Steeseler 75 Prozent. D’Lokalekipp huet dank dem Naomi Davenport de Retard opgeholl an ass souguer fir déi éischte Kéier an dëser Partie a Féierung gaangen.

D’Schlussphas an de leschte Véierel sollten domadder spannend ginn. Wie och schonn an de Minutte virdrun, war de leschte Quarter vun de Schëss hannert der Linn gepräägt. Nom Dräier vum Jenna Wolf fir d’Bartrenger Dammen, war et d'Mandy Geniets ,dat direkt geäntwert huet.

An de leschte 5 Minutte waren et d’Gäscht vu Steesel déi weider Pressing gemacht hunn. Si hunn d’Lokalekipp gestéiert an hir Avance erëm ausgebaut. Et war Julie Mangen wou d’Avance dräi Minutte viru Schluss op 9 Punkten ausgebaut huet. Wärend bei de Gäscht quasi alles gefall ass, hu sech Bartrenger Damme fir hire staarke drëtte Quarter net konnte belounen. Si verléieren doheem mat 78 op 90 géint eng staark Ekipp vu Steesel.

Desiree Ramos (21 Punkten, 3 Dräier), Mandy Geniets (19 Punkten, 5 Dräier), Julie Mangen (18 Punkten, 5 Dräier) an d'Alexus Harrison (18 Punkten, 4 Dräier) hunn offensiv iwwerzeegt.

Diddeleng nom éischten Tour ongeschloen

All Ekippen hunn elo eemol géintenee gespillt. Nom éischten Tour steet den T71 Diddeleng ongeschloen un der Tabellespëtzt. Hanner dem Leader kommen déi punktgläich Ekippe Steesel a Bartreng. Déi stäerkste véier Ekippe wäerten an d'Halleffinall anzéien um Enn vun der regulärer Saison, des Plaze wäerte sécherlech haart ëmkämpft bleiwen.