Elo am Replay: Live Planet People
Matthieu Osch iwwert d'Erfahrung op den Olympesche Spiller
VIDEO: Live! Planet People
Mam Skifuerer Matthieu Osch kucke mir op d'Olympesch Spiller a Korea zeréck. Den Tatort-Komissär Wolfram Koch spillt am neien TNL-Theaterstéck "Rausch".
Mam Matthieu Osch war ee Lëtzebuerger bei den Olympesche Spiller zu Pyeongchang a Südkorea dobäi.
Am Riseslalom ass eng 62. Plaz erausgesprongen am Slalom ass hien net ukomm.
Wéi kuckt hien op seng Leeschtungen zeréck? Wéi huet hie seng éischt Olympesch Spiller erlieft? Wéi vill huet de jonke Sportler vun der koreanescher Kultur matkritt? A wéi gesäit hie seng sportlech Zukunft?
Déi Froen huet de Matthieu Osch e Freideg den Owend am Live Planet People beäntwert.

© ATP
LINK: Alles ronderëm d'olympesch Wanterspiller mat Fotoen a Videoen. D'Artikele fir nozeliesen.
Am meeschte gelies