24-Stonnen-Trëppeltour: All you can walk
















































































































































































































































































































































































































































































































































































Aus ganz Europa an esouguer aus Japan, den USA oder Kanada sinn d’Leit op Lëtzebuerg komm, fir bei dësem "All you can walk" matzemaachen.
Trëppelen esou wäit wéi d’Féiss ee packen, oder einfach "All you can walk", dat war de Motto beim éischte 24-Stonnen-Trëppeltour um Kierchbierg, deen am Kader vum 37. nationale Wanderdag organiséiert gouf. De Marc Burelbach an de Joé Feiereisen hate sech fir eis ënnert déi ronn 1000 Participante gemëscht.
Lass goung et um Freideg mat engem klenge Warm-Up. Duerno goufe se vum Romain Buschmann op den ambitiéise Programm geschéckt. Um Samschdeg de Moie gouf och nach e Marathon-Tour vun 42 Kilometer a fir d'Kanner de "Yuppi Walk" vu 6 Kilometer offréiert.
D'Ambitioune vun de Participante waren dann och ganz verschidden. Déi eng si 24 Stonne laang getrëppelt anerer sinn de Marathon gaangen oder d'Streck vu 24 Kilometer. Fir jidderee war eppes dobäi. Fir an deene leschte Minutten nach de Rescht Motivatioun erauszekëddelen, hat sech d’Organisatioun nach en Highlight fir d’Wanderer afale gelooss. Sambarythmen hu fir gutt Stëmmung gesuergt.
No 24 Stonnen op de Been, huet en de Participanten d’Freed dunn och ugesinn, dësen éischten "all you can walk" iwwerstanen ze hunn.
Bei esou enger Mammutorganisatioun ass d’Federatioun vun der Marche Populaire natierlech frou iwwert d’Hëllef vun de Benevollen.