Am éischten Tour sinn dem Chris Rodesch zwee Sätz duergaangen, fir de Match géint d'Nummer 82 vun der Welt ze decidéieren.

Am Tennis steet de Chris Rodesch um ATP Challenger Tournoi zu Bratislava am zweeten Tour. De Lëtzebuerger huet en Dënschdeg an 2 Sätz mat 6:4 a 6:4 géint d’Nummer 82 op der Welt, de Chileen Alejandro Tabilo, gewonnen.

E Mëttwoch kritt hien et um 18.00 Auer mam US-Amerikaner Mackenzie McDonald, der Nummer 108 op der Welt, ze dinn.