Aus dem Basket ass et d'Nouvelle, dass et e weideren Trainerwiessel an der Enovos League bei den Häre gëtt.

De Gabor Boros ass vu sengem Posten als Head Coach zeréckgetrueden, dofir iwwerhëlt de Fransous Anthony Tomba de Posten. Conter huet bis elo als eenzeg Ekipp nach keng Victoire um Kont no sechs Spilldeeg an der Enovos League.

Et ass schonn den drëtten Trainerwiessel bei den Hären, nodeems d'Résidence Walfer (Rainer fir Dragan Stipanovich) an den T71 Diddeleng (Tom Schumacher als Interimstrainer fir de Christophe Ney) fréi an der Saison e Wiessel um Trainerposte gemaach hunn.