Bierchem wënnt verdéngt géint MK Holon aus Israel

© Serge Olmo
Duerch eng 33:28-Victoire huet Bierchem am Retourmatch gutt Kaarte fir eng Ronn weider ze kommen.
Am Handball Challenge Cup war den HB Bierchem an der 16tels-Finall géint MK Holon gefrot.
Déi Bierchemer konnten den Tempo vun Holon an den éischte 5 Minutte gutt matgoe, sou dass et zu dem Zäitpunkt 3:3 stoung. Virun eegener Kuliss konnt Bierchem de Match duerno ëmmer méi an hir Richtung lenken, sou dass si et no 11 Minutte fäerdeg bruecht haten, mat 8:4 a Féierung ze leien.
Duerno huet d'Ekipp aus dem Grand-Dusché hir Féierung weider konstant gehalen a konnten dës souguer nach licht ausbauen, sou dass et no 20 Minutten 13:8 aus Lëtzebuerger Sicht stoung. Nodeems sech d'Ekipp aus Israel kuerzzäiteg op 3 Punkten erugekämpft haten, konnt Bierchem de Score bis zur Halbzeit erëm op 5 Punkten ausbauen, sou dass et mat 18:13 an d'Paus gaange war.
Och no der Paus konnt Bierchem sech dominant presentéieren, an no 42 gespillte Minutte louch de Lëtzebuerger Vertrieder mat 24:18 am Avantage.
7 Minutte viru Schluss huet dunn alles duerno ausgesi wéi wa Bierchem sech an eng ganz gutt Ausgangspositioun brénge kéint. Beim Stand vun 30:24 haten d'Lëtzebuerger eng Avance vu 6 Punkten.
Um Enn hunn déi Bierchemer sech dës Victoire net méi huele gelooss a sou stoung et um Enn 33:28 aus Sicht vun der Lëtzebuerger Ekipp.
De Retourmatch ass de Sonndeg um 17:30, dëst och erëm a Lëtzebuerg.